Iran-KrichFriddensgespréicher tëscht USA an Iran solle bannent den nächsten Deeg zu Islamabad ugoen

Pierre Jans
Wéi genee déi verschidden Delegatiounen wäerten zesummegesat sinn, ass nach net fix.
De Steve Witkoff (lénks) representéiert d'USA. Hien empfänkt den iraneschen Ausseminister Abbas Araghchi.
De Steve Witkoff (USA) an den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi.
© AFP

Am pakistaneschen Islamabad sollen an den nächsten Deeg déi éischt Friddensgespréicher tëscht den USA an dem Iran ugoen.
Fir den Donald Trump wäert wuel eng Delegatioun ronderëm den Vizepresident JD Vance an d’Spezialbeoptraagte Steve Witkoff a Jard Kushner dorun Deel huelen. Bei den Iraner wären et der Noriichtenagence Reuters no de President vum Parlament Mohammed Bagher Ghalibaf an den Ausseminister Abbas Araghtschi. Fix ass déi Zesummesetzung nach net.

De fréieren Ausseminister vum Iran Kamal Charrasi ass dout

Hie wär u senge Blessuren no enger Loftattack gestuerwen, ewéi d’Autoritéiten matdeelen. De Charrasi war vun 1997 bis 2005 de Chefdiplomat.
Deslescht war hien en direkte Conseiller vum ieweschte Leader Ajatollah Ali Chamenei, dee jo direkt um Ufank vun den amerikanesch-israeeleschen Attacken dout gemaach gi war.

De brittesche Premier Keir Starmer huet d’iranesch Attacken op d’Golfstaaten condamnéiert. Dat bei engem Treffen mat de Staatscheffen vu Bahrain an de Vereenegten Arabeschen Emiraten.

Back to Top
CIM LOGO