Op Bauerenhaff a PatagonienFuerscher entdecken neie Laanghalssaurier

AFP, iwwersat vun RTL
E Schofshiert an Argentinien huet op sengem Haff Iwwerreschter vun engem Laangshalssaurier fonnt.
Ein deutsch-argentinisches Forscherteam hat in Patagonien einen neuen Langhalssaurier entdeckt. Der Dinosaurier namens Bicharracosaurus dionidei aus der oberen Jurazeit lebte vor rund 155 Millionen Jahren.
D’Landschaft a Patagonien
© AFP/Archiv

Eng däitsch-argentinesch Fuerscherekipp huet a Patagonien en neie Laanghalssaurier entdeckt. Den Dinosaurier mam Numm Bicharracosaurus dionidei aus der ieweschter Jurazäit huet viru ronn 155 Millioune Jore gelieft, wéi déi “Staatliche Naturwissenschaftliche Sammlungen” vu Bayern en Donneschdeg matgedeelt huet. Gebuerge goufen Deeler vun der Wirbelsail mat méi wéi 30 Hals-, Récken- a Schwanzwirbelen, e puer Rëpper souwéi e Brochstéck vun enger Beckeschank.

Mat hire massege Kierper, laangen Häls a Schwänz souwéi klenge Käpp gesi Laanghalssaurier fir vill Leit aus wéi en typeschen Dinosaurier. Zu de sougenannte Sauropoden gehéieren déi gréisst bekannt Landdéieren iwwerhaapt, mat enger Kierperlängt vu bis zu 40 Meter. Déi bekannst sinn Diplodocus a Brachiosaurus.

Den neie Laanghalssaurier, deen am Süde vun Argentinien fonnt gouf, ass net ganz esou grouss. D’Fuerscher schätzen d’Längt vum Bicharracosaurus dionidei op ronn 20 Meter. D’Iwwerreschter gehéieren deemno zu engem erwuessenen Déier, dat viru ronn 155 Millioune Joren um südleche Kontinent Gondwana gelieft huet. Déi éischt Iwwerreschter vum Bicharracosaurus dionidei huet e Schofshiert op sengem Bauerenhaff entdeckt.

D’Wëssen iwwer d’Evolutioun vun de Sauropode vun der ieweschter Jurazäit baséiert de Wëssenschaftler no gréisstendeels op Fossiller, déi an Nordamerika an anere Plazen op der nërdlecher Hallefkugel fonnt goufen. Op de südleche Kontinenter sinn esou Entdeckungen éischter rar. D’Plaz an Argentinien liwwert deemno elo wichteg Vergläichsmaterial, fir d’Entwécklungsgeschicht vun dësen Déieren, virun allem op der Südhallefkugel, z’ergänzen.

Back to Top
CIM LOGO