
“D’Späicherzil vu 85 Prozent fir den Oktober dierft schonn Ufank September erreecht ginn”, zitéiert de Spiegel aus enger interner Nott aus dem däitsche Wirtschaftsministère. E Freideg sollen d’Capacitéiten deemno de Stand vun 82,2 Prozent erreecht hunn, wat awer ënnert anerem och um méi nidderege Gasverbrauch am Summer läit.
“De Gros vun de russesche Pipeline-Importer gouf iwwer aner Weeër kompenséiert”, soll et dem Spiegel no weider an der Nott geheescht hunn. Ënnert anerem wier méi Gas aus Norwegen, Holland an der Belsch an Däitschland ukomm, an et hätt een och méi op Flësseggas zeréckgegraff. Aus Frankräich géif ee sech deemnächst och méi Gas erwaarden.
Den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck (Grüne) huet dem Spiegel confirméiert: “D’Reserve fëlle sech méi séier, wéi virginn.” Et wier weiderhi wichteg, Energie ze spueren, mee et wier een als Land preparéiert.