Aussoen, déi natierlech kaum onofhängeg ze iwwerpréiwe sinn. D’Russen hunn iwwerdeems weider mat Rakéiten attackéiert. E puer Gebaier zu Dnipr an zu Charkiv wieren zerstéiert ginn. D’Ukrainer hätten iwwerdeems 3 russesch Militär-Schëffer am Hafenvum Berdjansk sabotéiert. Eent dovu wier ënnergaangen, déi aner zwee net méi kampfbereet.

Den US-President Joe Biden huet Russland gewarnt, chemesch Waffen an der Ukrain anzesetzen. D’Konsequenz wär eng Reaktioun vum Westen. Dat sot de Biden no de Reuniounen vun der NATO an dem G7.
Bei deem Sommet ass et och drëms gaangen, ob ee Russland nach bei de G20 wëll dobäi hunn. D’USA wëlle Russland ausschléissen. Fir de G20-Sommet Enn Oktober op Bali soten awer d’Organisateuren, de russesche President wär och invitéiert.
Am RTL-Interview hat och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel betount, russesch Attacken mat chemesche Waffen hätten als Konsequenz, datt d’NATO verhältnisméisseg reagéieren géif. De Putin sollt sech dat gutt iwwerleeën, sou de Xavier Bettel nom NATO-Sommet.

Den onfräiwëllege Krich mat Russland kascht d’Ukrain Milliarden. D’EU wëll mat engem Solidaritéitsfong hëllefen. Gläichzäiteg reprochéiert den EU-Sommet Moskau Krichsverbriechen. D’Zivil-Populatioun géif op ville Plaze geziilt attackéiert ginn. Et wier kloer, dass Spideeler, Schoulen oder Kulturhaiser net duerch Zoufall vu Bommen a Rakéiten getraff ginn. Esou heescht et an enger Deklaratioun, déi an der Nuecht op e Freideg zu Bréissel um EU-Sommet publizéiert gouf.
Fir de Solidaritéitsfong soll eng international Donateurs-Konferenz organiséiert ginn. Wat d’Flüchtlingskris ugeet, steet d’EU weider zesummen. Vun den iwwer 44 Milliounen Ukrainer hu schonn 3,7 Millioune Mënschen hir Heemecht verlooss. Eleng a Polen sinn der iwwer zwou Milliounen.