
Nom trageschen Doud vum 11 Joer ale Lyhanna goufen a Frankräich eng ganz Partie Plainten am Zesummenhang mat sexueller Gewalt u Mannerjäregen nach eng Kéier gepréift.
Zanter där Decisioun virun engem gudde Mount, koum et zu 675 Festnamen. Ronn 1.350 Enquêtë goufen an d'Weeër geleet. Dat ass domadder eng Hausse vun iwwer 300 Prozent am Verglach mam Normalwäert. Dat huet de franséische Justizminister Gérald Darmanin e Mëttwoch de Mëtteg matgedeelt. Am Ganze goufen eng 70.000 Plaintë reexaminéiert.
Déi franséisch Justiz war an der Affär Lyhanna ferm ënner Drock geroden. Den Haaptverdächtegen, deen d'Meedche soll entféiert, vergewaltegt an ermort hunn, war den Autoritéite scho laang virun der Dot bekannt, dat wéinst enger ganzer Partie anerer Plainten, et gouf onglécklecherweis awer ni ee Suivi.
Konkret louch géint de Verdächtegen zënter 2025 eng Plainte wéinst Vergewaltegung vun enger Mannerjäreger vir, eppes fir dat hien allerdéngs net emol verhéiert gouf. Ermëttlungen wéinst Vergewaltegung vun enger Mannerjäreger déi nach do virdru virlouchen, goufen agestallt. Och eng Partie Indicen op sexuell Iwwergrëffer géint de Mann sinn ouni Suitte bliwwen.
De Frust an d'Roserei ass doropshin an der Populatioun a Frankräich gewuess, Ufank Juli hunn dann och zéngdausende Leit a ville franséische Stied géint sexuell Gewalt protestéiert. Eleng zu Paräis sollen den Organisateuren iwwer 100.000 Persounen op d'Strooss gaange sinn. Et gëtt en ëmfaassend Gesetz gefuerdert, fir sexuell Gewalt op allen Niveaue kënnen unzegoen.
D'Läich vum Meedche war de 4. Juni, sechs Deeg nodeems d'Lyhanna verschwonne war, an engem Käre-Silo fonnt ginn. D'Meedche gouf déi lescht Kéier op Biller vun enger Iwwerwaachungskamera gesinn. Et souz do am Auto vum 41 Joer ale Jérôme B., de Papp vun enger Frëndin.