
Déi 23 Joer al Andrea S. gouf en Dënschdeg an Untersuchungshaft geholl, well si ënner Verdacht steet, hir Kanner erstéckt ze hunn. Si hat sech un enger Klo vun der impf-kritescher Organisatioun Children's Health Defense bedeelegt, déi géint d'Impf-Recommandatioune vum gréisste Verband vun US-Kannerdokteren (American Academy of Pediatrics) virgoe wëllen.
Virun der Festnam vun der Mamm hätt et "laang a grëndlech Ermëttlunge" ginn, esou d'Police zu Payette am US-Bundesstaat Idaho. Hiren Affekot huet d'Virwërf der Zeitung "Idaho Statesman" no zeréckgewisen an huet seng Mandantin als "besuergte" Mamm beschriwwen, déi hir Kanner gär hat.
D'Ausso vun der Mamm hat eng zentral Roll an der Klo vun der impf-kritescher Organisatioun Children's Health Defense gespillt, déi vum Impfkritiker Robert Kennedy Jr. gegrënnt a geleet gi war, ier den Trump hien zum Gesondheetsminister gemaach huet.
Déi beschëllegt Mamm hat gefrot, hir Kautioun vun 2 Milliounen Euro reduzéiert ze kréien, fir bei hirer Duechter kënnen ze sinn, déi just zwee Deeg virun hirer Festnam gebuer gi war. Wéinst de Virwërf huet déi zoustänneg Riichterin d'Fräiloossung géint Kautioun allerdéngs ganz vum Dësch geholl. Sollt d'Mamm verurteelt ginn, kéint et op d'Doudesstrof erauslafen.
Gesondheetsexperten haten am Zesummenhang mat de Virwërf erkläert, datt Kanner keng Erstéckungsgefor duerch Impfungen hätten. Och wier et onheemlech onwarscheinlech, datt déi zweeeeëg Zwillinge gläichzäiteg un enger Immunreaktioun hätte stierwe kënnen. De Robert Kennedy Jr. huet eng ëmstridden Impf-Reform an den USA an d'Weeër geleet, déi bedeite géif, datt et déi siwe wichteg Impfungen, déi fir all Kanner recommandéiert ginn, just nach a Spezialfäll géife gi ginn. Am Mäerz hat ee Geriicht déi nei Impfreegelen, déi vu Wëssenschaftler kritiséiert ginn, bis op Weideres gestoppt.