
D’Weltgesondheetsorganisatioun huet d’Situatioun als international sanitär Noutlag deklaréiert. D' Krittäre vun enger Pandemie wieren awer net erfëllt.
Déi meescht betraffe Persoune sinn tëscht 20 an 39 Joer al. Méi wéi 60 Prozent dovu si Fraen, esou d’Noriichtenagence AFP mat Verweis op de Gesondheetsminister am Kongo.
De Virus gëtt duerch déi sougenannt Bundibugyo-Variant verursaacht, géint déi et aktuell weder eng zougelooss Impfung nach eng spezifesch Behandlung gëtt.
Och am Nopeschland Uganda goufe schonn zwou Infektiounen an ee Doud confirméiert.
Amerikanesche Medien no sollen op d’mannst sechs US-Bierger am Kongo mam Virus a Kontakt komm sinn. Eng Persoun weist anscheinend Symptomer, mee et ass nach net confirméiert, ob si infizéiert ass.
D’US-Gesondheetsautoritéiten hu Sécherheetsmoossname verschäerft. Reesender aus betraffene Regioune ginn elo méi streng kontrolléiert an et kéinte Restriktioune fir Persoune kommen, déi viru kuerzem am Kongo, Uganda oder Südsudan waren.
D’WHO warnt, datt den Ausbroch sech séier kéint ausbreeden, wann net konsequent gehandelt gëtt. Besonnesch Begriefnisser gëllen als héije Risiko, well de Virus duerch enke Kontakt mat infizéierte Persounen iwwerdroe gëtt. Dofir ginn d’Leit opgefuerdert, strikt Reegelen anzehalen.
