
Der iranescher Noriichtenagence Tasnim no huet den Iran den USA iwwer Vermëttlerstaaten eng Äntwert op hire 15-Punkte-Friddensplang zoukomme gelooss. E Mëttwoch den Owend wier dat geschitt, an elo géing Teheran op d’Äntwert vun der Géigesäit waarden.
Verschidde Medien haten an de leschten Deeg gemellt, d’Vereenegt Staaten hätten dem Iran iwwer pakistanesch Vermëttler hir Bedéngunge fir en Enn vum Krich zoukomme gelooss. Bis ewell hat de Regimm all Verhandlunge bestridden. Et wiere just “Noriichten” ausgetosch ginn, sou den Ausseminister Abbas Araghtschi. Héich iranesch Vertrieder hätten déi US-amerikanesch Propos gepréift a fir “eesäiteg an onfair” befonnt. Trotzdeem kéint ee virukommen, och wann e richtege Plang fir Gespréicher de Moment nach net realistesch wier. D’Tierkei a Pakistan versichen, dobäi ze hëllefen, “eng gemeinsam Basis tëscht dem Iran de Vereenegte Staaten ze schafen, fir Differenzen ofzebauen.”
Iwwerdeems sot den US-President Donald Trump, dass déi militäresch Operatiounen am Noen Osten hirem Plang wäit viraus wieren. Si ware vu 4 bis 6 Wochen ausgaangen, elo wiere si um 26. Dag hire Pläng e gutt Stéck viraus. Ausserdeem huet den Trump der NATO erëm e Manktem un Ënnerstëtzung virgehäit. D’Bündnis hätt näischt gemaach, d’USA wieren och net op d’NATO ugewisen, mee si géifen dëse wichtege Moment net vergiessen, sou den US-President an de Soziale Medien.
Dat US-amerikanescht Militär huet mat enger Loftattack de Kommandeur vun der Marinn vun de Revolutiounsgarden ëmbruecht. Dem Admirol Brad Cooper no, Kommandeur vum US Central Command, wier d’Regioun doduerch elo méi sécher ginn. Hien huet all Iraner, deen am Déngscht vun där Marinn géing stoen, opgeruff, säi Posten ze verloossen an heem ze goen, fir onnéideg Blessuren oder den Doud z’evitéieren.