Italien mécht Neel mat KäppImpfflicht fir Persounen iwwer 50 Joer trëtt a Kraaft

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet de Ministerrot d'Dekret decidéiert, e Samschdeg ass d'Impfflicht a Kraaft getrueden.
Corona-Situatioun an Italien
Omikron a Geldstrofen

Eréischt vum 1. Februar un allerdéngs ginn et wierklech Konsequenzen. Strofe vun 100 Euro si virgesinn, wa Persounen nach net geimpft goufen, respektiv, déi 2. oder 3. Dosis kruten, obwuel se et kéinten.

D’Impfflicht gëllt bis de 15. Juni a fir all Persoun iwwer 50 Joer a mat Wunnsëtz an Italien, also och dann deelweis fir Auslänner déi an Italien wunnen.
Vum 15. Februar gëllt dann och d'2G-Reegel op der Aarbecht fir Leit iwwer 50 Joer. Wien dann net geimpft oder nees gesond ass, kann net méi op de Büro kommen. Fir méi jonk Leit geet en negativen Test duer.

Wien trotzdeem op d’Aarbecht geet an erwëscht gëtt, muss mat enger Geldstrof vun tëscht 600 an 1.500 Euro rechnen.

Back to Top
CIM LOGO