Eskalatioun am Noen OstenIran stoppt weider Schëffer an der Hormus-Strooss, USA reagéiere mat neien Ugrëffer

RTL mat AFP
Déi iranesch Revolutiounsgard huet zwee weider Schëffer an der Hormus-Strooss gestoppt, wärend d'USA mat Attacken op iranesch Kommunikatiounsinfrastruktur reagéiert hunn.
D'iranesch Arméi huet eegenen Aussoen no eng US-Radar-Anlag am Kuwait zerstéiert.
© -/AFP

Am Noen Oste ginn déi géigesäiteg Attacken tëscht den USA an dem Iran virun: Déi iranesch Revolutiounsgard huet uginn, an der Hormus-Strooss zwee Schëffstanker gestoppt ze hunn. Och hätt d'Arméi amerikanesch Fligeren um Flughafe vu Jordanien viséiert an eng US-Radar-Anlag am Kuwait zerstéiert.

Op der anerer Säit huet déi amerikanesch Arméi iranesch Kommunikatiounsinfrastruktur ugegraff. D'Zil wier et, déi Infrastruktur ze treffen, déi den Iran benotzt, fir d'Hormus-Strooss ze blockéieren.

Den US-Ausseminister Rubio huet dann och aner Länner dozou opgeruff, den Drock op den Iran ze erhéijen, fir datt de Mierespassage nees op geet. Et ass déi néngten Nuecht hannerteneen, datt béid Säite sech nees verstäerkt ugräifen.

Back to Top
CIM LOGO