MedienIsrael an de Libanon kéinte schonn nächst Woch direkt Verhandlungen ufänken

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Reunioun géing am Ausseministère zu Washington organiséiert ginn. D’Informatioun kënnt vun engem Journalist vum Noriichteportal "Axios".
© RONEN ZVULUN/AFP

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet ugekënnegt, datt hie bereet ass, direkt Verhandlunge mam Libanon unzefänken, fir friddlech Relatiounen opzebauen an d’Miliz Hisbollah ze entwaffnen, dat no massiven israeelesche Loftattacke mat iwwer 300 Doudegen trotz Wafferou. Allerdéngs huet hien och just virdru betount, datt Israel seng militäresch Operatioune weiderféiere wäert, "wou et néideg ass", fir d'Sécherheet am Norde vum Land ze garantéieren.

Russland, vertrueden duerch den Ausseminister Sergej Lawrow, ass der Meenung, datt déi aktuell Wafferou am Iran-Krich och fir de Libanon gëlle soll an eng regional Bedeitung huet.

D'israeelesch Arméi hat eng vun de stäerksten Offensiven zanter dem Ufank vum Irankrich géint de Libanon gestart. De Gesondheetsministère schwätzt vun iwwer 300 Doudegen an 1.150 Blesséierten. D'Zuele wären awer just provisoresch. D'Rettungsekippe wären nach am Asaz.
Wärend Israel sech drop behaapt, d'Ziler hätte sech op Hisbollah-Positioune limitéiert, mellt d'Noriichtenagence AP, dass och Geschäfts- a Wunnquartiere getraff goufen. Op der anerer Säit hat d'Hisbollah och den Norden vun Israel attackéiert.

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz huet d'Virgoensweis vun Israel am Libanon kritiséiert. Senger Meenung no ass d’Militäraktioun vun Israel ze haart a kéint de ganze Friddensprozess a Gefor bréngen. Hien huet betount, datt esou eng Entwécklung op kee Fall däerf geschéien. Och aner Acteuren an der EU vertrieden dës Meenung.

Den US-President Donald Trump huet confirméiert, dass Israel d'Attacken op de Libanon zeréckschrauwe wäert. Gläichzäiteg huet hien d'Approche vum Iran bei der Strooss vun Hormus schaarf kritiséiert. Op senger Plattform Truth Social reprochéiert hien dem Iran, e schlechten Job ze maachen a sech net un d'Ofmaachungen ze halen. Dass nees Schëffer duerch dee Passage kënne fueren, ass jo e wichtegt Element vun der Wafferou. Den Trump refuséiert allerdéngs, dass Schëffer, déi duerch d'Strooss vun Hormus fueren, dem iranesche Militär eng Zort Peage musse bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO