
Israel deelt e Mëttwochmoie mat, dass een den neie Kommandant vum bewaffente Flillek vun der Hamas, de sougenannte Qassam-Brigaden ausgeschalt hätt. De Mohammed Odeh wier deemno en Dënschdeg bei engem Militärschlag gestuerwen. Et ass nach net emol e Mount hier, dass dem Odeh säi Virgänger bei enger israeelescher Attack gestuerwen ass.
Vum israeelesche Verdeedegungsminister heescht et an deem Kontext, dass de Kommandant vum arméierte Flillek vun der Hamas an d'Hell geschéckt gi wier an do op seng Associéeë wäert treffen. Hie géif dem IDF an dem Geheimdéngscht Shin Bet am Numm vum Premierminister Netanjahu an a sengem eegenen Numm gratuléieren.
Weider heescht et vum Katz, dass ee sech verflicht hätt, jiddwereen auszeschalten, deen um Massaker vum 7. Oktober bedeelegt war, a sécherzestellen, dass d'Hamas a Gaza net wäert regéieren, weder militäresch nach zivil.
De Katz an den Netanjahu hu schonn en Dënschdeg an engem gemeinsame Statement erkläert, dass den Odeh bei den Attacke vum 7. Oktober fir den Informatiounsfloss op Säite vun der Hamas responsabel war.
De 15. Mee ass hien den Nofollger vum Izz al-Din al-Haddad ginn, dee bis zu sengem Doud de Kommandant vun de Qassam-Brigade war.