Iwwerwaachung vun der Wafferou an der GazasträifIsrael gehäit Spuenien aus internationaler Beobachtungsmissioun

AFP, iwwersat vun RTL
D'Relatiounen tëscht Israel a Spuenien sinn zanter laangem ugespaant.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu (Archiv vun der AFP)
© AFP

Den israeelesche Premierminster Benjamin Netanjahu huet Spuenien aus der Missioun fir d’Iwwerwaachung vun der Wafferou an der Gazasträif ausgeschloss. Dat huet hien e Freideg an engem Video-Message annoncéiert. Déi spuenesch Vertrieder wieren deemno aus dem Zentrum fir d’Koordinatioun vun der Iwwerwaachungsmissioun zu Kirjat Gat verwise ginn. Hie géif et kengem Land erlaben, en diplomatesche Krich géint Israel ze féieren, ouni dofir e Präis mussen ze bezuelen, sou den Netanjahu.

Vu Kirjat Gat aus iwwerwaacht eng international Missioun ënnert der Féierung vun den USA den Ament déi am Oktober zejoert a Kraaft getruede Wafferou an der Gazasträif. Diplomaten a Militär-Vertrieder aus den USA, Frankräich. Groussbritannien, de Vereenten Arabeschen Emirater a - bis elo - aus Spuenien, beroden hei iwwer d’Sécherheetssituatioun an d’humanitär Lag am Palästinensergebitt.

D’Relatiounen tëscht Israel a Spuenien sinn zanter laangem ugespaant. De spuenesche Premierminister Pedro Sanchez gëllt international als ee vun de gréisste Kritiker vum Virgoe vun Israel an der Gazasträif. Am Mee 2024 huet d’spuenesch Regierung offiziell e palästinensesche Staat unerkannt. De Sanchez huet och déi amerikanesch-israeelesch Attacken op den Iran, mat deenen den Irankrich ugefaangen huet, kritiséiert.

Back to Top
CIM LOGO