
Déi véier Astronaute vun der Moundmissioun Artemis 2 hunn een Dag no hirem Start d’Äerdëmlafbunn verlooss a si lo um Wee a Richtung Mound. D’Rakéit vun der Orion-Kapsel huet d’Astronaute mat engem bal sechs Minutten laange Fluch op hir Fluchbunn bei de Mound katapultéiert, wéi den Nasa-Livestream e Donneschdeg den Owend gewisen huet. “Gesäit no engem gudde Schub aus”, huet den Nasa-Kontrollzenter zu Houston erkläert.
D’Astronauten hu sech um kuerz virun 2 Auer eiser Zäit zu Wuert gemellt. “Der Ekipp geet et hei uewen um Wee bei de Mound zimmlech gutt”, sot de Kanadier Jeremy Hansen. “D’Mënschheet huet nach eemol gewisen, wouzou mir fäeg sinn“, huet hie betount.
Déi véier Astronauten, dräi Männer an eng Fra, waren e Mëttwoch den Owend erfollegräich vum Kennedy Space Center am US-Bundesstaat Florida an de Weltall gestart. “Den Artemis-2-Astronauten geet et wonnerbar“, huet den Nasa-Chef Jared Isaacman duerno am Onlinedéngscht X geschriwwen.
Bei der Nasa-Missioun, déi 10 Deeg dauere soll, ass eng Ëmkreesung vum Mound geplangt, eng Moundlandung ass awer net Deel vun der Artemis 2-Missioun. D’Nasa huet awer fir 2028 eng Landung op de Mound geplangt, d’Artemis 2 soll dofir d’Viraussetzungen schafen.
Zu der Crew zielen déi US-amerikanesch Astronautin Christina Koch, hir zwee Kollegen Reid Wiseman a Victor Glover souwéi den Jeremy Hansen. Si solle bei der Ëmkreesung vum Mound och de Südpol vum Äerdtrabant fir eng spéider Moundlandung ausfuerschen. Op der Récksäit vum Mound wäert de Kontakt mat der Buedemstatioun vun der Nasa fir eng kuerz Zäit ënnerbrach sinn. D’Crew wäert da sou wäit vun der Äerd ewech sinn, wéi bis ewell nach keen Astronaut virdrun.