Corona-PandemieKeen einfache Schoulufank a Frankräich

Frank Goetz
Och eis franséisch Noper dierfen elo emol nees virun d'Dier, an dat ouni e spezielle Grond. Och d'Schoule maachen a Frankräich erëm op.
null
Och eis franséisch Noper dierfen elo emol nees virun Dier, an dat ouni e spezielle Grond. Och d’Schoule maachen a Frankräich erëm op.

Fir eng Millioun Kanner aus de Crèchen an der Grondschoul, geet et zeréck an d’Schoul. Eng Organisatioun, déi alles anescht wéi einfach war. D’Schoul a Frankräich ass no 2 Méint Confinement, fir d’Kanner am Alter vu 5 Joer net méi déi selwecht. Anescht wéi hei zu Lëtzebuerg huet Frankräich decidéiert, vun e Méindeg un eng Millioun Kanner op fräiwëlleger Basis nees an d’Schoul ze schécken. Trotz strengen Hygiènesmesuren an der Schoul, gëtt däitlech, wat d’Kanner méi kleng sinn, wat d’Anhale vun de Moossname méi komplex ass.

Zu Lëtzebuerg geet d’Grondschoul de 25. Mee nees op. Da soll a Frankräich decidéiert ginn, wéini d’Lycéeën nees opginn. D’Universitéiten a Frankräich bleiwe bis September zou.

Zanter e Méindeg sinn och nees eng Partie Butteker op. Restauranten a Caféë bleiwen awer a Frankräich weider zou.

Back to Top
CIM LOGO