
Keng Ecrane fir Kanner ënner zwee Joer an nëmmen eng Stonn den Dag fir Kanner tëscht zwee a fënnef Joer. Déi brittesch Regierung huet e Freideg Recommandatiounen erausgi fir d’Zäit, déi Kanner virun engem Ecran verbréngen. Eltere kréien ausserdeem geroden, Kanner am Alter tëscht zwee a fënnef Joer net wärend dem Iessen oder virum Schlofegoe virun en Ecran ze setzen an no Méiglechkeet dobäi ze sinn.

Kanner an der digitaler Welt opzéien, wier fir Elteren net einfach, sou de brittesche Premier Keir Starmer. Ecrane wieren iwwerall a Rotschléi dacks widderspréchlech. Seng Regierung géif Elteren “an deem Kampf” net eleng loossen an dowéinst déi Recommandatiounen, sou de Starmer weider.
Grondlag fir d’Empfeelungen ass eng Ënnersichung, déi d’Regierung an Optrag ginn hat. Dobäi war festgestallt ginn, dass laang Zäit virun engem Ecran d’Aktivitéite vu Kanner beanträchtege kann, déi wichteg fir seng Entwécklung sinn, wéi Schlof, Beweegung, kreatiivt Spillen an Interaktioun mat den Elteren. Et wier de Wonsch vun Eltere gewiescht, kloer Informatioune fir den Alldag ze kréien, firwat et wichteg ass, déi Zäit virum Ecran ze limitéieren.
D’Regierung an Éisträich huet e Freideg iwwerdeems decidéiert, Social Media fir Kanner a Jugendlecher ënner 14 Joer ze verbidden. Dat huet de Vizekanzler Andreas Babler matgedeelt, nodeems sech d’Koalitioun aus ÖVP, SPÖ an NEOS no laange Verhandlungen eens ginn ass. Zousätzlech ass eng Reform vun de Schoulprogrammer geplangt. An den ieweschte Klasse soll en neit obligatorescht Fach mam Numm “Medien und Demokratie” agefouert ginn, an deem Schüler léieren, wéi een zum Beispill mat “Fake News” ëmgeet.
A Groussbritannien, grad esou wéi an aneren europäesche Länner, gëtt och iwwert sou e Social-Media-Verbuet fir Kanner a Jugendlecher diskutéiert. Am Uewerhaus war schonn am Januar no australeschem Virbild fir e Verbuet gestëmmt ginn, wou Plattforme wéi TikTok oder Instagram fir Jonker ënner 16 Joer verbuede sinn. D’Ënnerhaus hat déi Initiativ nach kasséiert gehat. D’Regierung géing elo a Pilotprojeten aner Modeller ënnersiche loossen, wéi zum Beispill zäitlech Limitte fir d’Benotze vun Appen.