
Ausserdeem hate sech esou Notzer am Virfeld iwwer déi spueneschsproocheg Musek vum Grammy-Gewënner opgereegt. D’Bild ass awer eng Fälschung, déi mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf. Et sinn eng Rëtsch Onreegelméissegen, déi fir KI-generéiert Biller typesch sinn, dran. Ausserdeem schéngt d’Bild vun enger Internetsäit fir Satir ze stamen.
“NFL Halftime Show”, steet an engem X-Bäitrag vum 8. Februar 2026. “Wiesselt de Sender.”

Änlech Bäiträg hu sech op verschiddene Plattforme verbreet, woubäi e puer behaapt hunn, d’Opnam géif de Bad Bunny “bei de Prouwen” oder “bei de Virbereedunge fir seng Super Bowl Halftime Show” weisen. Anerer hunn an d’Welt gesat, de Sänger hätt dat “um Enn” vum Optrëtt selwer online gesat.
Eng Abberzuel Notzer, dorënner de konservative Kommentator Benny Johnson, haten d’Bild gedeelt an d’Zuschauer opgefuerdert, d’Show ze boykottéieren oder eng alternativ Show ze kucken, déi vun der konservativer Aktivistegrupp “Turning Point USA” gestreamt gouf a bei där de Kid Rock d’Haaptroll gespillt huet.
De Bad Bunny , dee mat richtegem Numm Benito Antonio Martinez Ocasio heescht, huet eng Rei vu sengen Hits gespillt, ugefaange mam spueneschsproochegen Titel “Titi Me Pregunto”, deen d’Eenheet an d’Kultur vu Puerto Rico betount. Dobäi waren och kuerz Optrëtter vu Prominente wéi dem Schauspiller Pedro Pascal an dem kolumbianesche Sänger Karol G.
De puerto-ricaneschen Artist, dee sech bei de Grammys den 1. Februar géint d’amerikanesch Awanderungsagence ICE ausgeschwat hat, huet d’Roserei vum Donald Trump op sech gezunn. Den amerikanesche President hat no der Halftime Show vum Super Bowl den 8. Februar gepost, dass “keen e Wuert vun deem versteet, wat deen Typ seet”.
De Bad Bunny huet sech och positiv iwwer d’LGBTQ-Communautéit geäussert. A bei enger Rëtsch Geleeënheeten hat hien eng Jupe un, ënner anerem bei engem Fotoshooting fir Harper’s Bazaar am Joer 2022.
Mee d’Bild, dat hien angeeblech beim Verbrenne vun engem amerikanesche Fändel an engem blo-wäiss-rosae Kleed weist, ass eng Fälschung.
Mat enger ëmgekéierter Billersich bei Google konnt d’AFP erausfannen, dass d’Bild “mat Google AI erstallt” gouf. Gemini, de KI-Tool vu Google, huet ausserdeem eng SynthID fonnt, déi am Bild dra war. Dobäi handelt et sech ëm en onsiichtbaart Waasserzeechen, dat den Angabe vun der Entreprise no dozou déngt , KI-Contenuen ze identifizéieren, déi mat hirem Geschier erstallt goufen.
Déi selwecht ëmgekéiert Billersich huet déi fréist Versioun vum Bild zum Virschäi bruecht. Et gouf vun enger Facebook-Säit gedeelt, déi sech mat Satir a Parodie beschäftegt. An der Biografie vum Kont heescht et: “Witzege KI-Content & beschte Produzent vu Memes - 100 % net reell, alles ass Satir” (“Ai funny content & Master Meme Maker - 100% Not Real everything is Satire”).
D’AFP huet de vermeintlechen Auteur vum Bild ëm e Kommentar gefrot, deen huet awer net direkt geäntwert.
Am Bild sinn eng Rëtsch Onstëmmegkeeten ze gesinn, déi typesch fir KI-generéiert Contenue sinn, dorënner verzerrt Gesiichter am Hannergrond an en amerikanesche Fändel, dee just 11 Sträifen huet - amplaz vun 13 op dem richtege Fändel, déi déi ursprénglech 13 brittesch Kolonien duerstelle sollen.
De Bad Bunny huet ausserdeem verschidden Tätowéierungen op der Broscht an den Äerm, déi an der Fälschung net ze gesi sinn (hei archivéiert).
Wärend sengem Optrëtt an der Halftime Show vum Super Bowl huet de Bad Bunny och keen amerikanesche Fändel verbrannt; ganz am Géigendeel. Zu engem Moment vu senger Performance huet hie sech virun eng Hickecht Fändelen - den amerikaneschen a vill anerer - gestallt, wéi hie “God bless America” sot an dunn all d’Nimm vun den nord-, süd- a mëttelamerikaneschen Natioune gejaut huet (hei archivéiert).

Hien hat dobäi e wäisse Kostüm mat sengem Familljennumm um Réck un, an et gouf keng Fans, déi hie gefilmt hunn, wéi an der KI-generéierter Fälschung.
D’AFP huet nach aner Feelinformatiounen iwwer de Bad Bunny opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.