
Als Reaktioun dorobber, datt Israel säin Afloss a seng Kontroll am besate Westjordanland weider verstäerkt, huet de palästinensesche Leader Mahmoud Abbas elo d’USA opgeruff, “schaarf” op dës Situatioun “ze reagéieren”. Bei senger Visitt zu Oslo huet den Abbas d’Gewalt vun den israeelesch Siidler ugeschwat, wéi awer och kritiséiert, datt “4 Milliarden Dollar”, déi fir d’palästinensescht Vollek geduecht sinn, vun Israel agefruer goufen.
“D’US-Regierung an déi international Communautéit musse schaarf op dës dach uerg Verstéiss reagéieren”, sot den Abbas, well dëst Virgoe verhënnert u sech dem US-President seng Efforten a verstousse géint internationaalt Recht.
E Sonndeg hat de Sécherheetscabinet vun Israel verschidde Mesuren guttgeheescht, déi d’Kontroll vun Israel an der Regioun, déi u sech ënner palästinensescher Autoritéit stinn, erweidere sollen. D’Pläng, déi international fir Opreegung gesuergt hunn, gesinn ënner anerem vir, datt och jiddesch Israeelien Terrainen an der Westbank dierfe kafen a si erlaben et den israeeleschen Autoritéiten, fir op verschiddene Plaze reliéis Sitten opzeriichten, och wann dës Géigenden ënner palästinensescher Kontroll stinn.
Israel huet d’Westjordanland zanter 1967 besat an hei liewen aktuell iwwer 500.000 Israeelien, wann ee Westjerusalem net mat arechent, a Siidlungen an Aussestatioune, déi u sech vum internationale Gesetz hir verbuede sinn. Eng dräi Millioune Palästinenser liewen an der selwechter Regioun. Ëmmer nees kënnt et zu Iwwergrëff vun israeelesche Siidler op palästinensesch Bierger oder zu Ausernanersetzunge vu béide Gruppen. Och ass et keng Seelenheet, datt déi israeelesch Arméi agesat gëtt, fir Haiser vu Palästinenser ofzerappen, well dës aus der israeelescher Siicht “illegal” opgeriicht goufen.
E Mëttwoch huet Däitschland d’Virgoe vun Israel schaarf kritiséiert. Datt een elo nach méi Kontroll iwwer d’Westjordanland wéilt huelen, wier “e weidere Schratt an eng komplett Annexioun”, heescht et vun eisen Noperen. “Israel bleift eng Occupatiounsmuecht am Westjordanland an als Besatzungsmuecht verletzt Israel internationaalt Recht, andeem ee Siidlungen opriicht.” Ma och géif Israel administrativ Funktiounen un israeelesch Ziviliste weiderginn, esou e Spriecher vum Däitschen Ausseministère.