USA maachen DrockKuba freet déi international Communautéit dréngend ëm Hëllef

AFP
Wéinst den Aktioune vun den USA géint Kuba freet dat kommunistescht Land déi international Communautéit elo ëm dréngend Hëllef.
Angesichts des US-Vorgehens gegen Kuba hat das kommunistische Land die internationale Gemeinschaft dringend um Hilfe gebeten. Seinem Land drohe eine "humanitäre Katastrophe", sagte Außenminister Bruno Rodríguez Parrilla vor dem UN-Sicherheitsrat.
Wéinst den Aktioune vun den USA géint Kuba freet dat kommunistescht Land déi international Communautéit elo ëm dréngend Hëllef.
© AFP

Sengem Land géif eng "humanitär Katastroph" bevirstoen, esou den Ausseminister Bruno Rodríguez Parrilla en Dënschdeg an enger Ried virun dem US-Sécherheetsrot zu New York. "Elo sollt d'Zäit fir Solidaritéit mat Kuba sinn."

"Ech appelléieren un déi international Communautéit, eng humanitär Katastroph ze verhënneren, déi duerch Waffegewalt oder d'Pëtrolsblockad kéint ausgeléist ginn", esou de Rodríguez. Kuba gëtt vum US-President Trump zanter Méint wirtschaftlech a politesch ënner Drock gesat.

Den Trump huet ënnert anerem ëmmer nees domat gedreet, Kuba "anzehuelen". Iwwerdeems huet hien de facto eng Pëtrolsblockad géint d'Land agefouert. Wéinst dem feelende Pëtrol an den US-Sanktioune stécht Kuba den Ament an der schwéierster Wirtschaftskris zanter dem Enn vun der Sowjetunioun.

D'Tensiounen tëscht béide Länner hu sech an der leschter Woch nach emol doduerch verstäerkt, datt d'USA de kubaneschen Ex-President Raúl Castro ugeklot hunn. D'US-Justiz mécht de 94 Joer ale Brudder vum fréiere Revolutiounsuféierer Fidel Castro fir den Ofschoss vun zwee Zivilfligeren am Joer 1996 mat véier Doudege verantwortlech.

Back to Top
CIM LOGO