Macron op Visitt a SyrienOp d'mannst 18 Blesséierter bei Explosioun zu Damaskus

RTL mat AFP
Zwou Explosiounen zu Damaskus hunn um Dënschdeg op d'mannst 18 Persoune blesséiert, dat an der Géigend vum Hotel, wou de franséische President Emmanuel Macron wärend senger Visitt geschlof huet.
De Macron ass deen éischten EU-Staatschef, deen zanter 10 Joer a Syrien op Visitt ass.
© LUDOVIC MARIN/AFP

Zu Damaskus a Syrien goufen et um Dënschdeg zwou Explosiounen, bei deenen op d'mannst 18 Persoune blesséiert goufen. D'Explosioune waren net wäit vum Hotel ewech, wou de franséische President Emmanuel Macron, deen den Ament op Visitt ass, geschlof huet.

De Macron war awer net méi am Gebai, wéi et zu den Explosioune koum an him soll et gutt goen, wéi den Elysée matgedeelt huet.

Ënnert den Affer solle Medien no op d'mannst véier lokal Poliziste sinn. Detailer iwwert d'Hannergrënn ginn et nach keng.

De Macron ass deen éischten EU-Staatschef, deen zanter 10 Joer a Syrien op Visitt ass.

Back to Top
CIM LOGO