
Néng Poliziste sinn a Pakistan bei engem arméierten Ugrëff op e Kontrollpunkt, dee fir d'Sécherheet vun engem neien Damm zoustänneg ass, ëm d'Liewe komm. Zousätzlech gi weider Membere vun der Sécherheetsekipp vermësst.
E Spriecher vun der Regierung vun der Regioun Belutschistan huet déi Zuele confirméiert an erkläert, datt ënner de Verstuerwenen héichrangeg Polizisten aus verschiddene Statioune sinn. D'Attack gëtt iwwerdeems islamistesche Militanten zougeschriwwen.
Staatlechen Informatiounen no konnten d'Autoritéiten d'Militanten aus der Regioun verdreiwen.
D'Regioun Belutschistan, déi räich u Mineralien ass an un Afghanistan souwéi den Iran grenzt, ass zanter Joren d'Zil vu separatisteschen Ugrëffer. D'Militante viséieren do net nëmmen déi staatlech Strukturen, mee och auslännesch Investisseuren an Infrastrukturprojeten.
D'Attacken an de Grenzregiounen hu sech an de leschte Méint intensivéiert. Pakistan mécht dofir Gruppen aus Afghanistan verantwortlech, wärend d'afghanesch Autoritéiten all Bedeelegung dementéieren.
Als Reaktioun op d'Well vun Attacken huet Pakistan an de leschte Méint Loftugrëff op afghaneschem Territoire duerchgefouert. Pakistan behaapt, domat geziilt géint d'Militante virzegoen, wärend d'Taliban-Regierung an d'Vereenten Natioune mellen, datt dobäi Dosenden Zivilisten ëm d'Liewe koumen.