
Am Europaparlament gëtt um Dënschdeg driwwer ofgestëmmt, fir d'Reegele fir d'Sozialversecherungssystemer besser ze koordinéieren. Ënnert anerem soll festgehale ginn, datt dat Land, an deem een als lescht geschafft huet, de Chômage muss bezuelen.
D'Gewerkschaft-Unioun OGBL-LCGB hat an deem Kontext och eng Reunioun mat de Lëtzebuerger EU-Deputéiert. Et hätt een do ënnerstrach, datt et net nëmmen ëm de finanzielle Volet däerf goen, mee och ëm d'Begleedung vum Concernéierten, zum Beispill a Saache Réinsertion professionnelle oder Formatioun.
Wichteg wier och, datt déi geplangten Iwwergangszäit vu 7 Joer, fir déi nei Reegelen national ëmzesetzen, net als Pretext fir Retarde genotzt ginn, esou schreiwen d'Gewerkschaften am Communiqué.
Der EU-Kommissioun no schaffen an Europa 16 Millioune Leit an engem aneren EU-Land.