'’Affer si jonk a si sinn iwwert déi ganz Welt verdeelt. Dat selwecht gëllt fir d'Täter.
Antëscht ass de sadisteschen Internet-Phänomen vun der sougenannter "Com-Zeen" och zu Lëtzebuerg ukomm. Duerfir appelléiere Police a Parquet mat Nodrock un d'Elteren, elo wou d'Grouss Vakanz virun der Dier steet, ëmsou méi genee ze kucken, wou hir Kanner am Internet ënnerwee sinn a mat wiem si sech do austauschen.
Fir iwwert d'Hannergrënn vun dëse sougenannte "Com-Gruppen" ze schwätzen ass d'Directrice vun der Police judicaire Kristin Schmit e Mëttwoch um 8 Auer live bei eis am Studio. Mat eiser "Invitée vun der Redaktioun" geet et drëms, wéi een déi Jonk schütze kann a wat d'Autoritéiten hei am Land bräichten, fir sech och am Internet besser opzestellen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.