Fir d’Lëtzebuerger Arméi wier deen Asaz eng Première – ee fréiere Lëtzebuerger Militär allerdéngs schafft elo schonn do.
Den Tony Lourenco war vum Härebierg aus zwee Mol an Afghanistan an eemol a Kosovo geschéckt ginn. Elo schafft de Mann fir eng privat Sécherheetsfirma zu Erbil am Irak an ass Deel vun enger Ekipp fir Persouneschutz ënnert anerem an de geféierleche Convoien op Mosul.
Den Tony Lourenco huet natierlech de klassesche Virdeel vun de Lëtzebuerger verschidde Sproochen ze schwätzen. E forméiert och Leit am Persouneschutz a léiert seng Mataarbechter verschiddenen Technike mat Waffen. D’Ëmfeld ass alles wéi kee Kannergebuertsdag.
Den Irak ass méi stabel wéi d’Nopeschland Syrien oder Afghanistan haut, mee vun Dschihadisten a vun iranesche Milize geet weiderhin Gefor aus.
Leit mat Courage kënne Geld verdéngen am Irak. An natierlech huet d’Fro misse kommen op den Här Lourenco dann net als Mercenaire géif schaffen.