
Op engem beléifte Klamm-Site zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) ass e Lëtzebuerger e Freideg den 3. Abrëll schwéier blesséiert ginn.
De 64 Joer ale Mann war geséchert an hat och e Kask un, ma well sech e Steen vun der Mauer geléist huet, ass hien ee Meter an d’Déift gefall, ier hien du vum Klammseel geséchert gouf. Dobäi ass hien awer mam Kapp widder d’Mauer gerannt a soll relativ séier an d’Gette gaange sinn. Dat schreift de Republicain Lorrain.
De Lëtzebuerger ass doropshin mam Rettungshelikopter op Nanzeg an d’Spidol komm.
De Kloter-Site Carrière zu Däitsch-Oth ass d’ganzt Joer iwwer geséchert an ënnerhalen. E bitt 175 Bunne fir ze klammen.