No Telefonat mat libaneseschem PresidentTrump annoncéiert Wafferou vun 10 Deeg tëscht Israel a Libanon

RTL mat AFP
Wéi den US-President en Donneschdeg mellt, soll d'Wafferou fir déi nächst 10 Deeg gëllen. Nach en Donneschdeg am fréie Mëtteg hat Israel eng wichteg Bréck am Süde vum Libanon zerstéiert.
Den US-President Donald Trump.
© afp

Den US-President huet en Donneschdeg op senger Plattform Truth Social eng Wafferou tëscht Israel an dem Libanon annoncéiert. Dat, nodeems den Trump en Telefonsgespréich mam libanesesche President Joseph Aoun gefouert huet. D’Wafferou soll vun en Donneschdegowend 23 Auer eiser Zäit u gëllen.

Kuerz virum a Kraaft trieden vun der Wafferou gouf en Donneschdeg den Owend nach eng israeelesch Attack am südleche Libanon gemellt, bei deenen dem Gesondheetsministère no siwe Leit ëm d’Liewe koumen an 33 weider Persoune blesséiert goufen. Dës Zuele kéinten awer nach klammen. Déi libaneesesch Staatsmedien hunn de Virfall zu Al-Ghaziyah ee “Massaker géint Zivilisten” genannt.

Déi libaneesesch Arméi hat en Donneschdeg am fréie Mëtteg och nach matgedeelt, datt bei israeeleschen Attacken d’Qasmiyeh-Bréck iwwert dem südleche Litani-Floss zerstéiert gouf. Domat ass elo eng vun de leschte strategesch wichtege Verbindunge vum Südlibanon mam Rescht vum Land ofgetrennt an d’Géigend südlech vum Floss isoléiert. Bei den Attacke gouf et och een Doudesaffer an dräi Blesséierter.

De libanesesche President Joseph Aoun hat am Virfeld e Gespréich mam israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu refuséiert. D’USA soll den Aoun gefrot hunn, en “direkte Kontakt” mat sengem israeeleschen Homolog ze sichen, heescht et aus libanesesche Regierungskreesser. De President hätt den US-Ausseminister Marco Rubio doriwwer an engem Telefonat informéiert an d’USA géif d’Positioun vum Libanon “verstoen”. En Donneschdegmëtteg soll de Joseph Aoun och mam Donald Trump en Telefonsgespréich gehalen hunn.

Den US-President hat e Mëttwoch Gespréicher op héchstem Niveau tëscht Israel an dem Libanon annoncéiert. Fir déi éischt Kéier zanter méi wéi dräi Joerzéngten haten zu Washington en Dënschdeg Vertrieder aus béide Länner Gespréicher gefouert, déi allerdéngs ouni Resultat bliwwe sinn.

Israel an de Libanon hu bis elo keng offiziell diplomatesch Bezéiungen a befanne sech zanter 1948 formell am Krichszoustand. Zanter dem Ufank vum Iran-Krich den 28. Februar sinn och d’Kämpf tëscht Israel an der vun Iran ënnerstëtzter Hisbollah am Süde vum Libanon nees intensiv amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO