
De mexikaneschen Drogeboss Ismael "El Mayo" Zambada, deen zesumme mam Joaquín "El Chapo" Guzmán de Sinaloa-Kartell opgebaut huet, ass am Alter vu 76 Joer an den USA zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn. D'Urteel gouf e Méindeg vun engem Bundesgeriicht zu New York gesprach. Eng Fräiloossung ass dem US-Justizministère no komplett ausgeschloss.
Dem Parquet no war de Zambada bal 40 Joer laang ee vun den Haaptleit hannert dem Handel mat Drogen an den USA. "Haut ass dëst Kapitel endgülteg ofgeschloss", sou de Procureur Joseph Nocella.
Festgeholl gouf de Zambada am Juli 2024, wéi hien zesumme mam Jong vum Guzmán an engem Privatfliger an der Grenzstad El Paso, Texas, gelant war. Direkt no senger Festnam huet hien dem Guzmán sengem Jong virgeworf, hien an eng Fal gelackelt ze hunn, fir hien un déi amerikanesch Autoritéiten auszeliwweren.
De Guzmán selwer sëtzt aktuell eng liewenslaang Strof an engem Prisong am US-Bundesstaat Colorado aus.
Déi spektakulär Festnam hat fir weider Tensiounen tëscht den USA a Mexiko gesuergt. Och wann d'US-Autoritéite behaapten, den FBI wier net an e méigleche Komplott verwéckelt gewiescht, ginn et dorunner Zweifel. D'mexikanesch Regierung hält ëmmer nach drop, datt US-Autoritéite keng Aktiounen op mexikaneschem Territoire ouni Zoustëmmung dierfen duerchféieren.
De Zambada hat iwwerdeems all Virwërf vu sech gewisen. Am August 2025 huet hie sech awer am Kader vun enger Ofmaachung mam Parquet a verschiddene Punkte schëlleg bekannt. Ausserdeem huet hien zougestëmmt, 15 Milliarden Dollar aus illegale Geschäfter ze bezuelen.
Am Géigenzuch gouf op eng Doudesstrof verzicht.
De Zambada huet sech als Drogeboss meeschtens am Hannergrond gehalen, dofir gëtt et nëmme wéineg Fotoe vun him. Hie konnt seng Festnam laang vermeiden an huet och verschidde Morduschléi iwwerlieft.