
Israel an déi pro-iranesch Hisbollah hu sech nees géigesäiteg attackéiert, dat trotz de geplangten direkte Gespréicher tëschent Israel an dem Libanon. D’Hisbollah huet eegenen Aussoen no eng Militärbasis zu Ashdod am Süde vun Israel attackéiert. Et géing ee “bis zum leschten Otemzuch” weidermaachen, sot hire Chef, Naim Kassim. Hien huet déi libanesesch Regierung opgefuerdert, keng Zougeständnesser ze maache bei de Verhandlungen.
Israel soll och nees Ziler am Südlibanon ugegraff hunn. Teheran dreet domat, d’Friddensgespréicher mat den USA ze boykottéieren, sollt Israel de Libanon weider attackéieren. De Libanon misst an de Wafferou-Accord opgeholl ginn. Déi geplangte Gespréicher tëscht den USA an dem Iran zu Islamabad fänken iwwerdeems eréischt e Samschdeg un amplaz, wéi ursprünglech virgesinn, e Freideg.