Earth HourOp bekannte Monumenter goufen eng Stonn laang d'Luuchten ausgeschalt

RTL Lëtzebuerg
D'Aktioun soll drun erënneren, datt och kleng Gesten – wéi eng Stonn d'Luuchten ausschalten – e wichtegt Zeeche fir d'Ëmwelt kënne sinn.
Eemol mat an eemol ouni: De Palast vun der Kultur zu Warschau a Polen wärend der Earth Hour.
Eemol mat an eemol ouni: De Palast vun der Kultur zu Warschau a Polen wärend der Earth Hour.
© Photo by Wojtek Radwanski / AFP

E Samschdeg den Owend gouf weltwäit d’Earth Hour gefeiert – eng Klima-Aktioun, bei där bekannt Gebaier an Attraktioune fir eng Stonn hir Luuchte ausgeschalt hunn, fir e Symbol fir de Klimaschutz ze setzen.

Zu de Plazen, déi traditionell d’Luuchte fir Earth Hour ausschalten, gehéieren z. B. den Eiffeltuerm zu Paräis, d’Brandenburger Tor zu Berlin, de Big Ben zu London oder d’Akropolis zu Athen.

Och an anere Regiounen – vun der Karibik bis Australien – gouf un der weltwäiter Beweegung deelgeholl. D’Earth Hour gëtt zanter 2007 vum WWF organiséiert an ass mëttlerweil eng vun de gréisste globalen Klima-Initiativen.

D’Aktioun soll drun erënneren, datt och kleng Gesten – wéi eng Stonn d’Luuchten ausschalten – e wichtegt Zeeche fir d’Ëmwelt kënne sinn.

Back to Top
CIM LOGO