Kritik u Projet Google zu Biissen"Mech wonnert, wisou Google mat esou engem schlechte Konzept kënnt"

Diana Hoffmann
Bal 10 Joer, nodeems Google en Terrain zu Biissen fir en Datenzenter kaaft huet, kéint de Projet konkret ginn. De MouvEco huet nach eng Partie Awänn.
Den Terrain, op deem de Google-Datenzenter zu Biissen kéint kommen.
Den Terrain, op deem de Google-Datenzenter zu Biissen kéint kommen.
© RTL

2017 hat d’Firma Google an der Industriezon Biissen en Terrain vun 33,7 Hektar kaaft, fir en Datenzenter ze bauen. Elo, knapp 10 Joer méi spéit, ass de multinationale Konzern kuerz virdrun, eng Baugeneemegung ze kréien. "Wa Google eng Baugeneemegung kritt, wäerte mir viru Geriicht goen", seet d’Blanche Weber vum Mouvement écologique. D'Ëmweltorganisatioun géing sech aktuell an deem Dossier méi Froe stelle wéi jee.

Besonnesch déi, wisou Google net géing no beschtméiglechste Standarde bauen. Fir de Projet z’analyséieren huet de Mouvement écologique eng Etüd beim däitschen Öko-Institut an Optrag ginn. D’Resultat: An der aktueller Planung géing den Datenzenter bis zu 950 Gigawattstonn Stroum pro Joer verbrauchen. Ongeféier esou vill wéi all d’Privatstéit hei am Land oder 15 Prozent vum nationale Stroumverbrauch. Der Etüd no kéinten d’Zäregasemissioune mat enger Réi vu Verbesserungen ëm bis zu 97 Prozent reduzéiert ginn. Dozou gehéieren eng Versuergung mat erneierbaren Energien, d’Notze vun der Reschtwäermt, Batteriespäicher amplaz vun Dieselgeneratoren an natierlecht Killmëttel. "Mech wonnert et, wisou Google mat esou engem schlechte Konzept kënnt", ënnersträicht de Jens Gröger vum Öko-Institut, deen iwwer Videokonferenz der Pressekonferenz bäigeschalt war. Hien ass iwwerrascht, wisou Google ënnert hirem weltwäite Standard géing zréckbleiwen.

Buergermeeschter vu Biissen gëtt gréng Luucht

Trotzdeem schéngt et awer, wéi wann dem Projet Datenzenter Biissen den Ament näischt méi géing am Wee stoen. "Virdru goufen et Froen iwwert de Waasserverbrauch, do hu mer eng Léisung fonnt. Wat de Kaméidi ugeet, do ass Google och ganz transparent. Ech wëll, dass bei de Leit ukënnt, dass mer probéieren, zesumme mat där Entreprise dat ganzt propper ze maachen", seet de Buergermeeschter vu Biissen, den David Viaggi. Der Reproche, dass d’Rëschtwäermt net géing genotzt ginn, huet dann a sengen Aen net direkt eppes mat der Baugeneemegung ze dinn. Et hätt een awer gutt Gespréicher mat der Direction de l’Energie a Google, fir an deem Zesummenhang Pisten ze definéieren. Ier Google déi offiziell Baugeneemegung krit, géing een nach op d’Kritik reagéieren, seet den David Viaggi. An och duerno kéint nach eng kéier reagéiert ginn.

De Mouvement écologique wëllt awer virdru Kloerheet a fuerdert Informatiounen iwwert den Impakt vun esou engem Datenzenter op d’Bevëlkerung. Ënner anerem den Energie- an CO2-Bilan. Dëst wieren Donnéeën, déi net géingen ënnert d’Geheimhaltungsklausel falen, op déi Google sech géing beruffen, seet de Marc Krier vum Mouvement écologique.

D’Zäit géing da géint d’Firma Google spillen, mengt d’Blanche Weber. An 10 Joer wier mat Kricher an dem neie President an den USA vill geschitt. Europa wéilt seng sougenannte souveraineté numérique ausbauen. Elo awer géing Lëtzebuerg der amerikanescher Multinationale Google den Terrain iwwerloossen, deen op enger ganz gënschteger Plaz, direkt nieft dem Stroum-Ëmspannwierk zu Biissen läit.

Falls net méi Kloerheet an den Dossier kënnt, well de Mouvement écologique juristesch virgoen, fir dass déi bescht méiglech Standarde fir den Datenzenter musse genotzt ginn, esou wéi d’Gesetz dat och géing virgesinn. An dat an alle Beräicher: Energie, Waasser, Loft , Kaméidi an sou weider. "Mir fuerderen och kloer vun der Regierung, dass se am Interessi vum Land handelt an déi Geheimhaltungsklausel vu Google net akzeptéiert", sou d’Presidentin vum Mouvement écologique. Et wéilt ee Beweiser dofir, dass Lëtzebuerg e Virdeel duerch dëse Projet hätt, an net d’Nodeeler Iwwerhand géingen huelen. Vill Entreprisen, déi am Land sinn, géingen Terraine sichen, fir auszebauen a kee fannen.

© Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO