
Wéi d'Police schreift, wieren hinnen den 9. Juli e puer Schrëftzich op ëffentlechem a privatem Besëtz gemellt ginn, déi e rassisteschen a friemefeindlechen Hannergrond hunn.
Wien eppes gesinn huet oder Hiweiser zu den Täter huet, ass gebiede sech entweder bei der Police vu Bieles ënnert der Nummer 244 52 1000 oder per Mail u police.BELVAUX@police.etat.lu ze mellen oder bei der Police vun Esch ënnert der Nummer 244 50 1000 oder per Mail u police.ESCH@police.etat.lu.
Och d'Gemeng Suessem huet en Donneschdeg op Facebook matgedeelt, datt hinnen "diffaméierend Graffitien um Gemengenterritoire" gemellt gi wieren. Et wier eng Plainte gemaach ginn an "déi zoustänneg Servicer wäerten d'Graffitien esou séier wéi méiglech ewechmaachen", heescht et weider am Post.