
Am Afghanistan an am Pakistan sinn an de leschten zwou Wochen iwwer 180 Leit duerch Onwiederen ëm d’Liewe komm. Zanter Enn Mäerz koumen 188 Leit duerch Iwwerschwemmungen a massivem Reen ëm, wéi d’Katastropheschutzautoritéite vu béide Länner en Dënschdeg matgedeelt hunn.
De Spriecher vum afghanesche Katastropheschutz, de Mohammed Jussuf Hammad, huet der AFP géigeniwwer matgedeelt, datt 123 Leit d’Onwiedere mam Liewe bezuelt hunn. Eleng zanter e Sonndeg hätt et 46 Doudeger ginn. Vertrieder vu lokalen Autoritéiten no sinn op ville Plazen Haiser an de Koup gefall an hunn Awunner ënner sech begruewen. Doudeger gouf et och duerch Äerdrutschen a Blëtzer.
Am Pakistan huet de Katastropheschutz en Dënschdeg 47 Doudeger an der nërdlecher Provënz Khyber Pakhtunkhwa gemellt. Dorënner 27 Kanner. An der südwestlecher Provënz Belutschistan koumen deemno op d’mannst 18 Leit ëm d’Liewen. Doriwwer eraus goufe landeswäit iwwer 600 Haiser beschiedegt.