
Och hei hätt een 19 Doudeger op engem Boot entdeckt, zwou weider Persoune wiere beim Versuch gestuerwen, duerch den Ärmelkanal ze kommen.
58 Persounen hätten iwwerlieft a sinn op Lampedusa bruecht ginn, 7 hu musse wéinst “Ënnerkillung an enger Kuelewaasserstoff-Vergëftung” behandelt ginn, esou de Buergermeeschter vu Lampedusa Medie géigeniwwer.
D’Rettungsaktioun war eng 135 Kilometer virun der Insel. Italieeneschen Noriichtenagencen no wieren d’Affer warscheinlech all un Ënnerkillung gestuerwen. De Wand wier immens staark gewiescht an et hätt vill Reen a kal Temperaturen ëm déi 10 Grad ginn.
Déi tierkesch Garde-côtes haten am Ägäesche Mier viru Bodrum 18 Läichen aus dem Waasser gezunn, eng weider Persoun ass spéider am Spidol gestuerwen. 21 Persoune konnte gerett ginn. Eng Patrull hat d’Schlauchboot entdeckt an opgefuerdert, stoen ze bleiwen, dëst ass dunn awer “mat héijer Vitess” geflücht. Doropshi wier Waasser an d’Boot agedrongen an et wier ënnergaangen. Bei den Doudege soll et sech ausschliisslech ëm Afghanen handelen.
Bodrum läit nëmmen e puer Kilometer vun der griichescher Insel Kos fort, wou will Migranten hiwëllen, fir vun do aus an Europa ze kommen. Um Wee bei d’griichesch Insele kënnt et ëmmer nees zu Bootsonglécker. Vun der internationaler Migratiounsagence IOM heescht et, datt zanter Ufank vum Joer 831 Migranten am Mëttelmier ëm d’Liewe komm sinn oder als vermësst gëllen.
Da gouf et nach en déidlecht Bootsongléck am Ärmelkanal tëschent Groussbritannien a Frankräich., bei deem zwee Migrante gestuerwe sinn. Fënnef weiderer goufe gerett.