Am Oste vun IndonesienOp d'mannst een Doudege bei Äerdbiewe vun der Stäerkt vu 7,4

AFP, iwwersat vun RTL
Am Oste vun Indonesien goufen d'Leit an der Nuecht vun engem schwéieren Äerdbiewe wakereg gemaach.
Bei einem schweren Erdbeben der Stärke 7,4 im Osten Indonesiens ist nach Angaben örtlicher Behörden mindestens ein Mensch getötet worden. Eine von einem US-Überwachungszentrum ausgesprochene Tsunami-Warnung wurde später zurückgenommen.
Am Oste vun Indonesien ass en Haus bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt vu 7,4 op der Richterskala an de Koup gefall.
© AFP

Bei engem schwéieren Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,4 am Oste vun Indonesien ass lokalen Autoritéiten no op d’mannst eng Persoun ëm d’Liewe komm. D’Affer wier ënnert de Stécker vun engem Gebai zu Manado, dat an de Koup gefall war, begruewe ginn, wéi e Spriecher vum Sich- a Rettungsdéngscht en Donneschdeg der Noriichtenagence AFP géigeniwwer matgedeelt huet. Eng weider Persoun wier beim Virfall um Bee blesséiert ginn.

Virdrun hat d’US-Äerdbiewewuecht USGS d’Äerdbiewe gemellt. An enger Déift vu 35 Kilometer ënnert dem Mier hat de Buedem géint 6.48 Auer eiser Zäit (00.48 Auer MESZ) mat enger Stäerkt vu 7,4 Punkten op der Richterskala am Oste vun Indonesien geziddert.

En Iwwerwaachungszenter am US-Bundesstaat Hawaii hat viru méigleche “geféierlechen Tsunami-Wellen” am Ëmkrees vun 1.000 Kilometer ëm den Epizenter gewarnt. Op verschiddene Küste vun Indonesien wieren Tsunami-Welle mat enger Héicht vu bis zu engem Meter iwwer dem Peegel méiglech. Méi kleng Welle kéinten och Guam, Japan, Malaysia, Palau, d’Philippinnen an den Taiwan erreechen. Eng zwou Stonne méi spéit huet d’Autoritéit Entwarnung ginn.

Ronn eng hallef Stonn nom Biewen huet déi geologesch Autoritéit BMKG eng 75 Zentimeter héich Wellen an der Provënz Nordminahasa am Norde vun der Isnel Sulawesi gemellt. Zu Bitung am Nordoste vun der Insel Sulawesi goufen 20 Zentimeter héich Welle gemooss. Nërdlech vun der Insel Ternate an der indoneesescher Provënz Nordmolukken goufe ronn 30 Zentimeter héich Welle registréiert.

Enger AFP-Journalistin zu Manado no wieren d’Leit wéinst dem Biewe wakereg ginn an aus den Haiser gelaf. D’Biewen hätt “zimmlech laang” gedauert, hätt awer net fir “nennenswäert Schied” gesuergt.

An Indonesien ginn et wéinst senger Lag am Pazifesche Feierréng méi dacks Äerdbiewen. 2004 war d’Provënz Aceh bei enger Äerdbiewen- an Tsunami-Katastroph uerg zerstéiert ginn, deemools waren eleng an Indonesien 170.000 Leit ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO