
D’Orion-Kapsel vun der Artemis 2-Missioun soll nämlech e Méindeg ronderëm de Mound fléien. Dobäi ginn d’Astronaute méi wäit fort vun der Äerd, wéi nach ni Mënsche virun hinnen, well d’Kapsel jo och hannert de Mound geet.
Aktuell ass d’Astronauten-Team schonn an der sougenannter Aflosssphäre vum Mound ukomm, wéi d’Nasa matgedeelt huet. Dat bedeit, dass d’Schwéierkraaft vum Mound méi staark op d’Raumschëff wierkt wéi déi vun der Äerd.
D’Missioun dauert am Ganzen 10 Deeg a gesäit keng Moundlandung vir. “Artemis 2" soll d’Viraussetzunge schafen an d’Moundlandung preparéieren, déi fir 2028 virgesinn ass.