Wéinst technesche GrënnLuxair-Flich op Sal an op Roum goufen e Freideg den Owend annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d'Luxair e Freideg den Owend an engem Schreiwes.
© Luxair

Luxair confirméiert, datt d’Flich, déi op Sal (LG 371) an op Roum (LG 6555) e Freideg den Owend geplangt waren, gestrach goufen. Grond sinn “operationelle Contrainten”, déi aus Verspéidungen an de Maintenance‑Prozeduren resultéieren an d’Disponibilitéit vu verschiddene Boeing‑737‑Fligere beaflosst huet, kombinéiert mat enger temporärer Spärung vun der Piste zu Lëtzebuerg e Freideg am Nomëtteg.

Hei dat offiziellt Schreiwes vun der Luxair

Déi betraffe Passagéier goufen informéiert. Luxair entschëllegt sech fir d’Ëmstänn an seet de Passagéier fir hiert Versteesdemech Merci, wärend all néideg Mesure geholl ginn, fir den Impakt vun dëse Stéierungen ze limitéieren.

Am Kader vun dësen temporäre Contrainten an der Verfügbarkeet vu Fligeren, eppes dat net vu Luxair kéint beaflosst ginn, an am Kontext vun engem Weekend mat héijer Demande, huet sech Luxair zousätzlech Loftkapazitéite geséchert, fir d’Kontinuitéit vum Fluchprogramm ze garantéieren.

Luxair huet am deem Kontext en Accord mat Danish Air Transport (DAT) ofgeschloss, fir en Airbus A320 temporär ze lounen, deen an den nächsten Deeg d’Operatioune fir Luxair ënnerstëtze soll. “DAT” ass eng europäesch Fluchgesellschaft, déi all néideg Zertifizéierungen huet, dorënner d’IOSA‑Zertifizéierung. Luxair huet an der Vergaangenheet schonn erfollegräich mat DAT zesummegeschafft.

Back to Top
CIM LOGO