No rezenten Ukënnegung vum Donald TrumpPräis fir de Barrel Pëtrol ass héich an déi nei Woch gestart

RTL Lëtzebuerg
Ufank der Woch louch de Präis bei 111 US-Dollar fir ee Barrel Pëtrol
© RTL Archiv

De Präis fir ee Barrel Pëtrol ass no der rezenter Ukënnegung vum Donald Trump nach emol méi héich an déi nei Woch gestart. Dëse läit elo bei 111 US-Dollar, also ronn 40 Dollar méi, wéi nach virum Ufank vum Iran-Krich.

Well d’Strooss vun Hormus zou ass, huele jo vill Handelsschëffer de Wee ronderëm den afrikanesche Kontinent, dat laanscht Südafrika.

Zu Kapstadt goufen am Mäerz bis zu 20 Schëffer méi an der Moyenne pro Dag gezielt. Dës Route verlängert de Wee tëscht Asien an Europa awer ëm 10 bis 20 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO