
An der Stad Härnösand steet zanter e Freideg ee Mann viru Geriicht, dee seng Partnerin iwwer véier Joer dozou gezwonge soll hunn, fir Sue mat ronn 120 Männer ze schlofen. An der Uklo géint den 62 Joer ale Schweed ass ënnert anerem rieds vun Zouhälterei, Vergewaltegung a Kierperverletzung. Hie soll seng Fra menacéiert hunn a si vun Drogen an Alkohol ofhängeg gemaach hunn. De Fall gouf a Schweden mam Fall vun der Fransousin Gisèle Pelicot verglach, déi vun hirem Mann gedéit gouf, esou datt friem Männer si vergewaltege konnten.
De beschëllegte Schweed war am Oktober am Norde vum Land festgeholl ginn, nodeems seng Fra Plainte gemaach hat. Hie sëtzt zanterhier an Untersuchungshaft a bestreit d’Virwërf. Der Uklo no hätt hien duerch de Verkaf vu sexuellen Déngschtleeschtunge vu senger Fra iwwer 500.000 schweedesch Krounen ageholl hunn, wat ëmgerechent iwwer 46.000 Euro sinn.
Viru Geriicht ass de Mann an engem groen Hiem opgetrueden, mat engem Tattoo ronderëm säin A. Medieberichter no soll hien e fréiere Member vum Bikerclub “Hell’s Angels” sinn. D’Fra war selwer net am Geriichtssall, fir hir Anonymitéit ze behalen. Si huet de Prozess awer per Video suivéiert. Nodeems d’Uklo verlies gouf, ass de Prozess ouni d’Ëffentlechkeet weidergaangen.
D’Procureure Ida Annerstedt sot der Noriichtenagence AFP an enger Paus, den Ugekloten hätt seng Partnerin a spéider Fra récksiichtslos ausgenotzt. “Hien huet hir Situatioun ausgenotzt, datt si ënnert dem Afloss vun Drogen an Alkohol stoung, an datt si Angscht virun him hat.” Der Annerstedt no hätt de Mann seng Fra selwer ofhängeg gemaach.
Der Uklo no hätt de Mann am Internet Sex mat senger Fra ugebueden. Hien hätt d’Rendez-vousen dunn ausgemaach a se schliisselch och iwwerwaacht. Der Procureure no hätt d’Fra, déi an der Uklo als “schutzbedürfteg” beschriwwe gouf, “a gewëssem Mooss” zougestëmmt, “Sex ze verkafen” - ma net mat bestëmmte Persounen oder ënner bestëmmten Ëmstänn.
“Si hat bestëmmte Grenzen. Et gouf Situatiounen, an deenen hien dës Grenzen net respektéiert huet a si iwwerrumpelt huet, nodeems si nee sot”, esou d’Annerstedt der Noriichtenagence AFP géigeniwwer scho virum Prozess. An dëse Fäll wier de Mann wéinst Vergewaltegung oder versichtem Viol ugeklot.
D’Affekotin vum Beschëllegten, d’Martina Michaelsdotter, sot der Noriichtenagence AFP, hire Mandant géif zouginn, Deel vum “Geschäft” vu senger Fra gewiescht ze sinn. Hie géif awer bestreiden, Drock oder Gewalt ausgeüübt ze hunn. Den Ugekloten hätt seng Fra an techneschen oder administrative Froen ënnerstëtzt, esou d’Michaelsdotter. Dobäi hätt hien hiren Accord gehat. Hien hätt géint seng Fra och keng psychesch oder physesch Gewalt agesat oder si vun Drogen an Alkohol ofhängeg gemaach.
Der Uklo no goufen an dem Fall 120 Männer identifizéiert, déi am Verdacht stinn, sexuell Déngschtleeschtunge kaaft ze hunn. 26 vun hinne sinn deemno schonn ugeklot, allerdéngs just, well si Sex solle kaaft hunn, wat a Schweden illegal ass. Si wieren net dovunner ausgaangen, datt d’Fra onfräiwëlleg deelgeholl hätt. Fir den Ament steet just hire Mann viru Geriicht. D’Strofdote sollen tëscht dem 22. August 2022 an dem 21. Oktober 2025 geschitt sinn.