Nofollger vum Anne HidalgoSozialist Emmanuel Grégoire zum neie Paräisser Buergermeeschter gewielt

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Eng Woch no senger Victoire bei de Municipalen ass de Grégoire vum Paräisser Stad-Conseil offiziell zum neie Buergermeeschter gewielt ginn.
Der sozialistische Politiker Emmanuel Grégoire ist vom Stadtrat in Paris zum neuen Bürgermeister der französischen Hauptstadt gewählt worden.
E Sonndeg huet de Sozialist Grégoire a Begleedung vun der fréierer Buergermeeschtesch Anne Hidalgo d’Paräisser Stadhaus no senger Victoire verlooss.
© POOL/AFP

Dat mat 103 Votte vun den insgesamt 163 Mandatairen am Conseil. Am Kampf ëm de Posten huet hie sech e Sonndeg an enger Stéchwal géint déi fréier franséisch Kulturministesch a konservativ Politikerin Rachida Dati duerchgesat. Den Emmanuel Grégoire war laang als Stellvertrieder vun der fréierer Buergermeeschtesch Anne Hidalgo täteg. Wärend dem Walkampf huet hien annoncéiert, hir klima- a vëlosfrëndlech Politik weiderféieren ze wëllen. D’Rachida Dati, déi och aus dem Lager vum President Macron ënnerstëtzt gouf, muss sech vu September un an engem Prozess wéinst Korruptioun viru Geriicht veräntwerten.

No senger Victoire huet de Grégoire a Begleedung vum Anne Hidalgo d’Paräisser Stadhaus verlooss, si huet no insgesamt 12 Joer als Buergermeeschtesch p eng weider Kandidatur verzicht. An hir Amtszäit falen ënner anerem d’Terroruschléi vum 13. November 2015, mat 130 Doudegen, ma och d’Olympesch Summerspiller 2024.

Si huet ënner anerem dofir gesuergt, datt Paräis eng méi vëlosfrëndlech Stad ginn, datt d’Loft insgesamt an der Stad méi propper ginn ass an datt een am Summer nees an der Seine buede kann. Tëschenzäitlech hat d’Hidalgo sech mat hirem Successeur iwwerworf, him bei de Walen awer am leschte Moment nach d’Ënnerstëtzung zougesot.

Back to Top
CIM LOGO