Krich am Noen OstenUSA blockéieren iranesch Häfen, hoffen awer op weider Gespréichsronn

RTL Lëtzebuerg
D'USA wëllen duerch hir Blockad vun den iraneschen Häfen d'Strooss vun Hormus nees esou séier wéi méiglech opkréien.
Eng éischte Kéier souzen den Iran an d’USA bei Gespréicher zu Islamabad zesummen.
© AAMIR QURESHI/AFP

Libanon an Israel wëlle weider matenee schwätzen

Israel an de Libanon hu mat hire Gespréicher, deenen éischten zanter Joerzéngten, zu Washington opgehalen. Offiziell si béid Länner zanter 1948 nach ëmmer am Krich an de Libanon erkennt Israel och net offiziell un. Vill Detailer goufen dono net genannt, mä et wier e Succès gewiescht, well weider Diskussiounen ausgemaach gi wären, sot op d’mannst den US-Ausseminister Rubio. Detailer, wéini an ëm wat et genee soll goen, sinn net gewosst.

Israel huet aktuell jo de Süde vum Libanon occupéiert, well een do géint d’Hisbollah-Miliz virgoe wëll. Et ginn och weider Loftattacken, bei deenen ëmmer nees Zivilisten ëm d’Liewe kommen. “Dat muss direkt ophalen”, fuerderen elo 10 Länner an enger offizieller Positioun. Groussbritannien, d’Schwäiz, Japan, Kanada an Australien appelléieren zesumme mat fënnef weideren UNO-Staaten, dass d’Kampfhandlungen am Libanon gestoppt ginn an humanitär Hëllef zougelooss gëtt.

Dës Hëllef wier nämlech aktuell batter néideg, well d’Flüchtlingswell nëmme kéint gestoppt ginn, wa keng Bomme méi falen, sou den Appell un Israel wéi och un d’Hisbollah.

USA blockéieren iranesch Häfen

Am Iran-Krich hätten d’USA mëttlerweil sämtlech iranesch Häfe blockéiert. Den Handel an den Iran oder eraus wier iwwert de Waasserwee net méi méiglech, heescht et vum US-Militär.

Et hätt een déi komplett Kontroll iwwert d’Strooss vun Hormus. Genee déi misst esou séier wéi nëmme méiglech nees opgoen, appelléiert de franséische President Macron. Fir e Freideg ass eng international Videokonferenz geplangt, wou iwwert eng multinational Missioun berode gëtt, fir d’Schëfffaart an deem Mierespassage ze sécheren.

Trump geet vu wiedere Gespréicher mam Iran aus

Wéi den Amerikanesche President Trump matdeelt, geet hien dovunner aus, datt nach dës Woch Gespréicher mam Iran méiglech wieren. Méi genee geséich hien eng Méiglechkeet, datt an den nächsten zwee Deeg a Pakistan nach e Mol verhandelt ka ginn. Der Amerikanescher Tëleeschaîne ABC huet den Trump dann och erkläert, datt hien de Waffestëllstand, deen d’nächst Woch ausleeft, net wéilt verlängeren, mee dogéint een Accord mam Iran léiwer hätt.

Back to Top
CIM LOGO