Ënnert Kabes verstopptThailännesch Police saiséiert 1,6 Tonnen Drogen an enger Camionnette

AFP, iwwersat vun RTL
Eng massiv Decouverte vu Ketamin a Metamphetamin huet déi thailännesch Police an der Provënz Ayutthaya gemaach.
Thailännesch Police saiséiert 1,6 Tonnen Drogen
900 Kilogramm Ketamin a 700 Kilogramm Metamphetamin huet déi thailännesch Police op engem Pick-Up-Truck entdeckt. D’Droge waren ënnert Kabes vertoppt.

Eng Quantitéit vun insgesamt 900 Kilogramm Ketamin a 700 Kilogramm Metamphetamin huet déi thailännesch Police op engem Pick-Up-Truck entdeckt, wéi de Chauffer vun dësem grad op enger Bensinnsstatioun stoe bliwwe war, fir ze tanken. D’Droge wieren ënnert enger Charge Kabes verstoppt gewiescht. Den 39 Joer ale Chauffer gouf wéinst dem Verdacht op Drogentrafic festgeholl. Hien huet de Beamte géigeniwwer zouginn, datt hie fir den Transport vun den Drogen ëmgerechent knapp 2.600 Euro ugebuede krut. Him dreet elo eng liewenslänglech Prisongsstrof.

Thailand gëllt als ee vun den Zentre fir den illegalen Drogentrafic a Südostasien. Reegelméisseg saiséiert d’Police méi haart Droge wéi Heroin oder Metamphetamin. Engem UN-Rapport no soll am Joer 2024 eng Rekordquantitéit un insgesamt 236 Tonne Metamphetamin an Ost- a Südostasien saiséiert gi sinn, wat eng Hausse vu 24% par Rapport zum Joer virdrun duerstellt.

Back to Top
CIM LOGO