Krich an der UkrainUkrain-Kontaktgrupp trëfft sech zu Berlin

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch ass de 1.512. Dag vum Krich an der Ukrain.
© HENRY NICHOLLS / AFP

Zu Berlin kënnt déi sougenannt Kontaktgrupp nees zesummen, also d’Allianz vun deene westleche Länner, déi Kiew zanter dem russeschen Iwwerfall finanziell a militäresch ënnerstëtzen.
Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte an den ukrainesche Verdeedegungsminister Fedorow si perséinlech op der Plaz. Vill aner Ministere ginn zougeschalt.

En Dënschdeg hunn Däitschland an d’Ukrain e weidert strateegescht Partenariat ënnerschriwwen, fir eng verbessert Kooperatioun am Rëschtungsberäich.
Am ZDF huet de Wolodymyr Selenskyi Europa als de gréisste strateegesche Partner bezeechent. Hie fäert awer och, dass wéinst dem Krich am Iran säi Land manner Waffe kréich.

Back to Top
CIM LOGO