Fir den 250. US-OnofhängegkeetsdagUS-Dollarschäiner kréien d'Ënnerschrëft vum President Donald Trump

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum 250. Jubiläum vun der amerikanescher Onofhängegkeet ginn d'US-Dollarschäiner geschwë mat der Ënnerschrëft vum President Donald Trump gedréckt.

Dat ass eng Première, well nach ni engem amtéierende President seng Ënnerschrëft op amerikanesche Geldschäiner ze gesi war. Gläichzäiteg verschwënnt – no 165 Joer – d’Ënnerschrëft vum Tresorier.

Déi éischt 100-Dollar-Schäiner mat den Nimm vum Trump an dem Finanzminister Scott Bessent solle schonn am Juni erauskommen, weiderer sollen no an no dann och nach nokommen. Aktuell ginn nach Schäiner mat den Ënnerschrëfte vun der viregter Finanzministesch Janet Yellen a vun der Tresorière Lynn Malerba produzéiert – si ass déi lescht an enger onënnerbrachener Rei vun Tresorieren, déi zanter 1861 op de Geldschäiner veréiwegt waren.

Nieft de Schäiner plangt d’Regierung och fir d'250 Joer Onofhängegkeet Gedenkmënzen aus Gold - alt erëm - mam Bild vum Donald Trump. Um Entworf, deen dem US-President am beschte gefält, kuckt hien zimmlech granzeg a steet mat geballte Fäischt un engem Dësch oder Pult.

Back to Top
CIM LOGO