Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghchi dementéiert op en Neits direkt Negociatioune mat den USA. Op der iranescher Staatstelevisioun huet den Araghchi erkläert, et géifen nëmmen Noriichte mat befrënnte Länner ausgetosch ginn. D’Zil bleift dobäi onverännert: De Krich ënner eegene Konditiounen op en Enn ze bréngen.
Widderspréchlech Signaler aus Washington
Ganz anescht kléngt et aus den USA. Den US-President Donald Trump huet en Donneschde beim éischte Cabinetstreffen zanter dem Ufank vum Konflikt behaapt, den Iran wier bereet ze verhandelen – géif dat awer net zouginn.
“Si biedele fir en Deal. Ech weess net ob mir dat maache kënnen oder wëllen. Si hätten dat viru véier Woche maache kënnen”, esou den Trump. Gläichzäiteg bauen d’USA de militäreschen Drock weider op a verleeën zousätzlech Truppen an d’Regioun. Den amerikanesche President huet dobäi souguer ugekënnegt, “d’Hell entfesselen” ze wëllen – eng Rhetorik, déi d’Situatioun nach weider eskaléiere kéint.
Iran weist sech resilient
Trotz de schwéiere Loftugrëff vun Israel an den USA bleift den Iran operatiounsfäeg. Vill militäresch Infrastrukture goufen zwar beschiedegt an och wichteg Figuren aus der Féierung goufen iwwert déi lescht Wochen eliminéiert. Awer d’Strukturen am Land funktionéieren nach ëmmer.
Den Iran konnt seng Kommando-Kette séier nei opbauen. Nei Leit sinn nogeréckelt, esou datt d’Militäroperatiounen net ënnerbrach goufen. Parallel dozou ginn Attacken op Ziler an der Golfregioun weider.
D’Haaptzil vum Iran schéngt dobäi kloer: Iwwerliewen – an dat mat all Mëttel.
Hormus als strategesche Brennpunkt
Besonnesch am Fokus steet d’Strooss vun Hormus – eng vun de wichtegsten Handelsrouten op der Welt. Hei kéint den Iran entscheedenden Drock op déi international Wirtschaft ausüben. De britteschen Defense-Expert Justin Crump erkläert: “Mir fokusséieren eis op Hormus well et en enke Passage ass. An et ass kloer e Punkt wou den Iran einfach Kontroll hale kann. Mee den Iran ka Schëffer am ganze Golf attackéieren. Si hunn 1.000 Kilometer Küst. Dat ass esou vill ewéi de ganze Vietnam huet. Dofir huet den Iran d’Méiglechkeeten, och wann d’Amerikaner Hormus sollten iwwerhuele fir de Schëffsverkéier weider ze stoppen. De ganze Golf ass eigentlech eng grouss iranesch Kill-Zon.”
D’Gefor geet also wäit iwwer den enke Passage eraus. Mat senger laanger Küstelinn kéint den Iran de ganze Golf destabiliséieren.
Onkloer Strategie vun den USA
Gläichzäiteg bleift d’Strategie vun den USA schwéier ze liesen. Experten no schwankt d’Kommunikatioun tëscht Deeskalatioun an neier Eskalatioun. De Justin Crump gesäit hei e kloert Muster: “Den US-Narrativ wiesselt dauernd tëscht: de Krich ass bal eriwwer a mir musse méi maachen. Dat all zwee bis dräi Deeg. D’Marchéë gi mat engem Kommentar gepushed an da kënnt deen nächste Kommentar, dee seet et misst méi gemaach ginn. D’Amerikaner soen et géif e Plang ginn – mee wann et e richtege Plang gouf, hätten dës Truppe scho viru véier Wochen am Mëttleren Oste gestanen.”
Zivilbevëlkerung ënner Drock
Wärend d’politesch a militäresch Spannungen zouhuelen, leit d’Zivilbevëlkerung am Iran massiv ënner de Konsequenzen. Vill Stied hu keng adequat Schutzinfrastrukturen an et gëtt keng systematesch Warnsystemer bei Loftugrëff. D’Banke limitéieren d’Borgeldausgabe, Schoule sinn zou, an den Alldag ass staark gestéiert. ONG-Donnéeën no sollen zanter dem Ufank vum Konflikt ronn 1.400 Zivilisten ëm d’Liewe komm sinn.
Ob et an de nächsten Deeg zu diplomatesche Rapprochementer kënnt, bleift also onkloer. D’Positioune vun den zwou Säite leien aktuell wäit auserneen.