Serge WilmesCGFP opgrond vun de Sozialwalen "eenzegen an exklusive" Verhandlungspartner

François Aulner
D'CGFP ass opgrond vum Resultat vun de Sozialwalen an der Fonction publique d'lescht Joer d'national representativ Gewerkschaft.
© RTL Archivbild

Domat ass d’CGFP den “exklusiven an eenzege” Verhandlungspartner fir en neie Gehälteraccord beim Staat. Dat huet de Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes op Nofro hin deklaréiert. De President vun der CGFP Romain Wolff hat hien e Méindeg bei eis op RTL opgefuerdert, kloer Positioun ze huelen, nodeems d’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB nees gefuerdert huet, mat agebonnen ze hunn.

De Serge Wilmes sot, et wier net un der Regierung ze decidéieren, wien um Verhandlungsdësch sëtzt. Hien huet just ewéi de Romain Wolff betount, datt d’CGFP 23 vu 24 Sëtz an der Staatsbeamtekummer krut.

Ënnert de viregte Regierunge wier et net anescht gewiescht: d’CGFP war den eenzege Verhandlungspartner, esou nach de Serge Wilmes. De Minister fir d’Fonction publique wollt och net dem nächste Gehälteraccord fir no dësem Joer virgräifen. Elo géingen nach d’Punkten aus dem Accord, deen d’lescht Joer ënnerschriwwe gouf, ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO