
D’USA hun eng weider Kéier e presuméiert Drogeboot am Ostpazifik attackéiert. Bei der véierter Attack bannent mol net enger Woch sinn der amerikanescher Arméi no véier Leit ëm d’Liewe komm. D’Boot wier “laanscht bekannt Drogeschmuggelstrecken” ënnerwee gewiescht an “an Drogeschmuggeloperatioune verwéckelt” gewiescht, heescht et vum Südkommando vun den US-Truppen (Southcom) op X. Domat klëmmt d’Zuel un Doudeger bei esou Asätz op op d’mannst 174.
Zanter September zejoert huet d’US-Arméi Dosende Schëffer am Pazifik an an der Karibik ugegraff, déi an den Drogenhandel verwéckelt gewiescht solle sinn. D’Regierung vum US-President Trump schwätzt vun “Narko-Terroristen”, déi a Latäinamerika agéieren. International ass dat Virgoe vun den USA ganz ëmstridden. D’Booter ginn nämlech an internationalem Gewässer ugegraff an et ass ni wierklech kloer, ob et iwwerhaapt Drogeschmuggler waren. Washington huet dofir ni eendeiteg Beweiser virgeluecht.
An e puer Fäll wieren et gewéinlech Fëscher gewiescht, soen op d’mannst déi Hannerbliwwen. Amerika géif aussergeriichtlech Exekutiounen um oppene Mier bedreiwen. Dat wier e Verstouss géint d’Vëlkerrecht.