Dem Orban säin Erausfuerderer Peter Magyar ass mat enger pro-europäescher Politik als neie Premierminister gewielt ginn. Wéi reagéieren d’Lëtzebuerger EU-Deputéiert op dëst Resultat?
D’Wal-Resultat e Sonnde war däitlech: D’Ungare wëllen e Politik-Wiessel an dat mam Peter Magyar. De 45 Joer ale Politiker war laang Member am Orban senger Fidesz Partei, huet awer seng eege Partei gegrënnt. Tisza ass kloer pro-europäesch an ass och Member vun der Europäescher Vollekspartei:
Isabel Wiseler-Lima (CSV), Europadeputéiert an EVP Member: “Ech denken, datt et ee Partner ass, mat deem mer wäerte ganz gutt zesummeschaffen. Ech hunn e selwer erlieft an der Fraktioun an och déi aner ungaresch Kolleegen, an dat sinn honnertprozenteg Pro-Europäer. Also mir wëssen, datt mer mat him e Partner kréien, dee pro-Europa ass an deen net méi Obstruktioun mécht. En huet schonn elo gesot, datt en sech net wäert opposéieren zu dem Prêt, zu de Suen, déi sollen un d’Ukrain goen. An dat ass wierklech e ganz anere Moment wéi deen, dee mer virdrun haten.”
Awer net just an den eegene Reien ass ee positiv gestëmmt. Allerdéngs muss sech de Peter Magyar elo beweisen:
Marc Angel (LSAP), Europadeputéierten: “E muss liwweren, hie weess e muss liwweren, well e weess och, dass déi Gréng, eng sozialistesch Partei, eng liberal Partei, déi sinn net ugetrueden, well se de System kennen, den Orban huet dee System jo esou zougeschnidden, datt et de “Winner takes it all” ass, a fir enger Victoire net am Wee ze stoen, hunn déi Parteie sech an dëser Wal zeréckgezunn.”
Och wann ee mam Peter Magyar elo ee berechebare Partner an Ungarn hätt, sollt een awer bedenken, datt de Rietsruck an Europa net duerch eng eenzeg Wal gestoppt géif ginn. Nach e Freideg ass déi däitsch AfD a Sondage fir déi éischte Kéier stäerkste Partei ginn:
Charles Goerens (DP), Europadeputéierten: “Ech sinn awer Realist genuch, fir festzestellen, datt d’Gefor net fort ass. Au contraire, se ass nach iwwerall do, reell oder potenziell. An dat muss eis ze bedenke ginn. A wat eis besonnesch muss ze bedenke ginn, dat ass, datt mer elo de Präis musse bezuele fir 20 Joer Stand Still an den institutionelle Reformen. Et war jo net méiglech, fir iergendwou eng Kéier iwwert en Ofschafe vun der Eestëmmegkeet ze schwätzen. Dat bezuele mer elo ganz batter zréck.”
Virsiichtegen Optimismus also. Elo wier et awer och un der Zäit, dem neien ungaresche Premier eng Chance ze ginn:
Tilly Metz (déi Gréng), Europadeputéiert: “Dat geet och elo net iwwer Nuecht, datt do sech alles ännert, mee ech mengen awer, wéi gesot, datt et e ganzt positiivt Zeechen ass, wou een elo de Rechtsstaat erëm kann opbauen. Ech si frou fir d’Ungarn un éischter Stell erauszekommen aus enger Autokratie, wou elo de Rechtsstaat progressiv kann erëm opgebaut gi mat där Zweedrëttelmajoritéit. Ech sinn awer och frou d’Zivilgesellschaft. Wéi gesot, et ass e staarkt Zeeche vun Hoffnung.”
Dem Viktor Orban seng politesch Frënn si jo déi vum rechte Bord. Mam Regierungswiessel wier d’Hoffnung dofir elo grouss, datt ee mat Hibléck op d’EU-Politik an Zukunft mat Ungarn un engem Strang kann zéien.
Den ADR Europa-Deputéierte Fernand Kartheiser war wéinst engem Auslands-Openthalt net fir een Interview disponibel.