SpuenienWéinst héijem Impftaux si Spideeler net iwwerlaascht

RTL Lëtzebuerg
Aktuell si manner wéi 35% vun de Better op den Intensivstatioune beluecht, och wann et all Dag vill Fäll vun Neiinfektioune mat Omikron-Variant gëtt.

Wéi am Rescht vun Europa gesäit een och a Spuenien dëser Deeg nei Rekordzuelen bei de Corona-Neiinfektiounen. Mä Spuenien ass duerch säin héijen Impftaux awer an e bësschen enger anerer Situatioun.

Tëscht 100 an 120.000 nei Fäll ginn den Ament pro Dag registréiert, Zuelen, déi et nach ni virdrun a Spuenien gouf. Och hei ass d’Omikron-Variant mat knapps iwwer 50% elo dominant. Dobäi kënnt, datt d’Santé vun enger héijer Donkelziffer ausgeet, well Antigen-Tester, déi doheem gemaach goufen, net deklaréiert ginn.

Ewéi soss och an Europa huet d’Omikron-Variant glécklecherweis manner uerg Auswierkungen op de Gesondheetssystem. An de Spideeler, zum Beispill ass ee wäit vun enger Iwwerlaaschtung ewech. Eng 2.000 Leit leien den Ament op den Intensivstatiounen uechtert d’Land, dat ass manner ewéi 35% vun de Better an nëmmen hallef esou vill ewéi virun engem Joer. E rezente Rapport mellt och, datt bis zu 40% vun de Patienten am Spidol zwar positiv op de Coronavirus getest goufen, mä se net dowéinst ageliwwert goufen.

D’Restriktioune sinn den Ament dann och relativ labber a Spuenien. Op nationalem Niveau gëllt just, datt ee seng Mask souwuel bannen ewéi och baussen op der Strooss muss undoen. Regional gëtt et e puer weider Mesuren. A Katalounien gëllt nuets eng Spärstonn. Restauranten, Theateren a Kinoen funktionéieren nom 3G-Prinzip.

Am meeschte Suergen mécht d’Regierung sech, datt et wéinst den héijen Infektiounszuelen och ganz vill Krankeschäiner gëtt, wat verschidde Betriber an och eng etlech Spideeler wéinst Personalmanktem un hir Limitte bréngt. Déi obligatoresch Quarantän gouf dowéinst elo op 7 Deeg reduzéiert.

En anere Grond fir déi niddreg Hospitalisatiounen dierft awer och den héijen Impftaux sinn. Bal 91% vun den Awunner iwwer 12 Joer sinn a Spuenien geimpft, wat eng vun den héchsten Zuele weltwäit ass. D’Booster-Impfungen an d’Vaccine fir d’Kanner lafen och op Héichtouren. Mat dëser vergläichsweis héijer Impfbereetschaft ënnert der Bevëlkerung gesäit d’Regierung den Ament nach kee Grond, fir iwwert eng allgemeng Impfflicht ze debattéieren.

Déi spuenesch Gesondheetsministesch huet och annoncéiert, datt een no dëser sechster Well wéilt ufänken, de Coronavirus als Endemie, also als eng Krankheet unzegesinn, déi ewéi d’Gripp ëmmer do ass an d’Mesuren deementspriechend och unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO