"Geld sténkt net, egal wéi knaschteg et ass“. Dës Parol hunn sech déi Verantwortlech vum Offallsyndikat SIDEC aus dem Norde vum Land wuel een deem aneren an d’Ouer geflüstert, wéi se beschloss hunn, de Präis fir déi gro Poubelle ëm dat 1,6-facht eropzesetzen.

A well de Gemengesyndikat eng Monopolstellung bei der Offallentsuergung huet, gouf gläich nach eng Schëpp drop geluecht: déi beschlosse Präishausse trëtt réckwierkend op den 1. Juli 2024 a Kraaft! Fir dass d’Geknouters sech méiglechst a Grenzen hält, gouf bis den August gewaart fir déi gutt Noricht iwwert d‘Press matzedeelen. Dann ass d’halleft Land an der Vakanz, wat also dee beschten Zäitpunkt ass, d’Bierger virun de Fait accompli ze setzen. Et geet näischt iwwer Transparenz an d’Proximitéit mam Bierger.

Kafkraaft? Papperlapapp! Fir d’éischt sollen d’Leit mol un hiren Offallsyndikat denken, ier se Liewensmëttelen a Kleeder kafen oder Mazout bestellen.

D’Chefingenieurin gëtt virgeschéckt a rechent de Bierger vir, wéi schlecht de Gemengesyndikat finanziell do steet. "D‘lescht Joer hate mir 19 Milliounen Euro Ausgaben an nëmme 15 Milliounen Euro Einnamen duerch d‘Taxen“, huet si derPress gesot. Et wäert scho keen op d’Iddi kommen, dat ze iwwerpréiwen, a wann: dat geet guer net! Déi Verantwortlech vum SIDEC hu nämlech virgesuergt. Dee leschte Joresbericht, deen ze consultéieren ass, ass dee vum Joer 2021. Voilà! Also keng Panik. Wee brauch schonn aktuell Zuelen, wann ee blann vertraue kann?
Iwwerschoss vu 5 Milliounen Euro.

Awer Moment emol: Wann ee bei déi 15 Milliounen Einname 60% droprechent, kënnt een dach op 24 Millioune Gesamtrecetten, ee Plus vun 9 Milliounen. Gebraucht ginn dach just 4 Millioune fir de Budget an d’Gläichgewiicht ze bréngen. Wat geschitt da mam Iwwerschoss vu 5 Milliounen, deen an d’Keess vum SIDEC fléisst? Pssst! Net dass nach een op d’Iddi kënnt an dem Gemengesyndikat eng Arnaque oder en Abus de position dominante virzewerfen.

Mat där Magouille kann de SIDEC seng Spëtzepositioun als landeswäit deiersten Offallsyndikat souguer nach ausbauen. Dofir si Monopoler dach do, gell?

Wéi ofgemaach, erkläert d’Chefingenieurin schéi brav, datt d‘Präiserhéijung virun allem op d’Hausse vun den Energiepräisser zréckzeféiere wär, déi sech "wéinst dem Ukrainkrich“ vervéierfacht hätten. Onglécklecherweis verplappert si sech awer, a gëtt zou, dass d’Ausschreiwung fir d’Stroumversuergung relativ spéit an Ugrëff geholl gouf, wat ëm Endeffekt dozou gefouert huet, dass d’SIDEC de Stroum zu engem iwwerdeierte Präis akafe muss. "Mir hu bis op de leschte Stëppel gewaart, äert mer déi nei Soumissioun fir de Stroum ënnerschriwwen hunn, mee de Präis ass net erofgaangen“, gëtt d’Chefingenieurin bei RTL zitéiert. Dass dëst d’Resultat vun engem gravéierende Managementfehler ass, gëtt selbstverständlech geschéckt ënnert den Teppech gekiert. De Bierger mécht d’Rechnung jo net, hie bezilt se!

D'Aarbechter am Offallsecteur verdéngen ze vill

Och een Ugrëff op eisen Index däerf net feelen. D’Aarbechter aus der Offallentsuergung verdéngen ze vill an den Index dreift d’Paie vun dëse Schwéierverdénger weider an d’Luucht – wat sech natierlech extrem negativ op d’Käschte vum Gemengesyndikat auswierkt. Déi bescht Strategie besteet also doranner, selwer d’Inflatioun unzekuerbelen, andeems een d'Präisser mol ëm 60% eropsetzt, amplaz op de STATEC ze waarden, bis deen nees eng Präisdeierecht vun 2,5% berechent huet. Et muss ee proaktiv sinn an eise Statistiker eng Nues viraus sinn! Onverantwortlech an onsozial? Moie Misch! Wee brauch scho sozial Verantwortung, wann een d’Präisser ongenéiert diktéiere kann?

"Mir maachen et och net méi"

Dee beschte Schachzuch fir déi 60-prozenteg Präiserhéijung ze rechtfertegen: et setzt een mol einfach d’Behaaptung an d’Welt, d’Präisser wären zanter 2015 net méi eropgesat ginn. Hoppla! Do war dach eppes. Richteg! Zanter 2020 ginn déi gro Poubellë just nach all zwou Wochen eidelgemaach, wärend dëse Service virdrun all Woch ugebuede gouf. D’Leeschtung gouf ëm d’Hallschent erofgesat – d’Tariffer bloufen onverännert. Dem Bierger gouf dës Moossnam deemools mat ekologeschen Argumenter opgeschwat, awer a Wierklechkeet war et natierlech eng verstoppte Präishausse. D’Virgoensweis vum SIDEC ass mat enger Molkerei ze vergläichen, déi bei onverännertem Präis, just nach d’Hallschent vun der Quantitéit an hir Jughurtsbechere fëllt: eng verstoppte Präiserhéijung.

Transparenz schéngt beim SIDEC jiddefalls net héich am Kurs ze stoen. Do hëllefen och der SIDEC-Presidentin hir opmonternd Wierder à la "mir maachen et och net méi “ net vill.
Wéi wär et, wann déi beschlosse Präiserhéijung op Äis geluecht an amplaz eng Analys iwwert d’Gouvernance an d’Comptabilitéit beim SIDEC duerchgeféiert géif ginn?

Wéi se op Englesch soen: "It all comes down to money“, wat souvill heescht, datt sech um Enn alles ëm d'Geld dréint.

Hubert Hollerich, Enscherange
10. August 2024