"Är Leit" huet d’Majoritéit a proposéiert den David Viaggi als Buergermeeschter, de Roger Saurfeld als 1. Schäffen an d’Cindy Barros als 2. Schäffin.

Déi leschtgenannte Conseillère hat jo zesumme mam Nach-Buergermeeschter Jos Schummer aus der CSV demissionéiert. Et ass eng Lëscht mat Nimm, déi nom Conseil proposéiert gouf. De Vott am Gemengerot wäert eng aner Kéier sinn.

Gemengerot zu Biissen / Reportage vum Pit Everling

De Jos Schummer fillt sech falsch verstanen

De Biisser Buergermeeschter Jos Schummer geheit d'Handduch. Nom laangen hin an hier huet de Gemengepapp e Méindeg de Moie seng Demissioun annoncéiert.
Wärend d'Initiative „Är Leit“ an Zukunft d'Geschécker an der Zentrumsgemeng dierft iwwerhuelen, fillt den demissionäre Buergermeeschter sech falsch verstanen a wiert sech.

Jos Schummer demissionéiert / Reportage Pit Everling

Streidereie ronderëm Google haten den CSV-Buergermeeschter virun e puer Méint motivéiert, seng Partei ze verloossen, zesumme mat enger Conseillère.  Zënterhier gouf et groussen Duercherneen op der Atert, mat engem parteilose Buergermeeschter, zwéin CSV-Schäffen, enger Oppositioun déi zesumme mat der genannter Conseillère op eemol d'Majoritéit hat... asw.
De Jos Schummer zitt elo Konsequenzen a bedauert, datt an der Lescht villes verdréit gi wier, Aussoe vun him wiere falsch interpretéiert ginn. Hien hätt nämlech ni Wëlles gehat Buergermeeschter ze bleiwen.

Jos Schummer: Datt ech wollt demissionéiere war nimools, nimools eng Fro.

Schonn Enn Juli hätt hien d'Decisioun geholl fir ze goen.

Nach méi spéit wier festgehale ginn, datt déi Demissioun sollt gemeinsam mat den zwéin CSV-Schäffe Mulbach a Clement geschéien. Ma déi genannte Politiker hätten hien higehalen a wieren dunn um Enn mat hirem Récktrëtt virun de Won gelaf.

Ech hu festgestallt, datt do eng Pressekonferenz organiséiert gi war. Dat war net sou ofgemaach.
Mir sollten gemeinsam haut an der Sitzung demissionéieren, sou de Jos Schummer am RTL-Interview.

Hien hätt sech vläicht déi eng oder aner Kéier onglécklech ausgedréckt an der Lescht, esou de Jos Schummer, ma hien hätt net d'Chance kritt, sech eng zweete Kéier ze erklären.

Ech hu gesot, ech si Buergermeeschter nach... an als Buergermeeschter ass et meng Funktioun elo fir ze kucken, datt mer elo e Schäfferot op d'Been setzen. Op d'Been setzen heescht awer net, datt ech onbedéngt soll Buergermeeschter bleiwen.

Gemengerot Biissen / © Domingos Oliveira

D'Initiative „Är Leit“ dierft d'Rudder zu Biissen iwwerhuelen. Den David Viaggi sot am RTL-Interview e Méindeg de Moien, datt hie prinzipiell bereet wier, nächste Buergermeeschter an der Atert-Gemeng ze ginn. Elo misst ee kucken, wat ze realiséiere wier. D'Demissioun vum aktuelle Gemengepapp wier op alle Fall iwwerfälleg gewiescht

David Viaggi: Natierlech hu mer dat scho laang gefuerdert a mir sinn der Meenung, datt dat dote elo néideg war.

De Message, datt de Jos Schummer souwisou hätt wëllen demissionéieren wier bei „Är Leit“ net esou kloer ukomm.

Den demissionäre Buergermeeschter leet sech iwwregens nach net fest, ob hien am Gemengerot wäert bleiwen, dat misst ee gesinn. Hie wier am Prinzip awer bereet fir Member an engem nächste Schäfferot ze ginn, dat wier och sou gesot gewiescht.

Datt dat beschwat gouf streit de politesche Kontrahent David Viaggi zwar net of, ma dono hätt de Buergermeeschter sech net u Saache gehalen an d'Vertrauen an hie wier fort.

Et war eng Ouverture do, déi Ouverture ass net geholl ginn. Ech weess net firwat, dat weess just den Här Schummer.
Ech mengen, datt et elo awer an deem Sënn ze spéit ass.

Reaktioun vum Frank Clement an dem David Viaggi

Dës Duerstellung vum Buergermeeschter wollten déi viséiert Schäffen net op sech sëtze loossen. Hien hätt sech der Demissioun jo kënnen uschléissen, äntwert de Frank Clement.

Et wier vill Geschwadronéiers an Hin an Hier ginn.

Dialog tëscht Jos Schummer a Frank Clement

Et wier virun allem vill mat der Press geschwat ginn. De Kontakt mat den eegene Leit wier awer net gesicht ginn.

Déi zwéin CSV-Schäffen wéilten allzäit net elo dat ausbueden, wat vun anere geschafe gouf.

De wahrscheinlech nächste Buergermeeschter David Viaggi vun "Är Leit" wëll elo kucken, wat ze realiséieren ass an en neie Schäfferot proposéieren.

E Schäfferot, an deem de Jos Schummer net méi wäert Member sinn, esou nach den David Viaggi.